Neonazi-Treffen zu Wolz: Wat hannert de schockante Biller stécht

Et si Biller, déi schockéieren an déi vu belschen an hollännesche Journaliste mat verstoppter Kamera gefilmt gi sinn. Wéi ass et zu dësem Documentaire komm? A wéi ginn, virun allem jonk Männer, an d'Neonazi-Zeen rekrutéiert?

Neonazi-Treffen zu Wolz: Wat hannert de schockante Biller stécht / Reportage Céline Eischen

"Mir hunn 1 Joer recherchéiert"

De Stefaan Meerbergen aus der Belsch huet zesumme mat engem anere Journalist aus Holland iwwer 1 Joer recherchéiert: D'Zil war et, fir erauszefannen, wéi a firwat jonk Männer sech der Neonazi-Ideologie uschléissen, an all Joer zesummekommen, fir dem Adolf Hitler säi Gebuertsdag ze feieren:

Stefaan Meerbergen, Journalist bei VRT Television a Co-Auteur vum Documentaire: "On avait un infiltrant, et il y avait deux indications. Il y avait premièrement les rumeurs où on entendait dire que le groupe Wolvenrad organise des événements. Dans les groupes (sur Telegram) on en parlait que Wolvenrad allait au Grand-Duché de Luxembourg pour fêter Hitler pour son anniversaire. Et deuxièmement il y avait des traces, donc il y avait des vidéos et aussi des photos sur telegram dans des groupes ouverts. Et donc on avait des photos, et c'est avec ces photos qu'on a commencé notre recherche pour trouver l'endroit."

Mat Hëllef vun der Kënschtlecher Intelligenz huet een d'Biller analyséiert, an um Enn de Chalet zu Wolz identifizéiert. Déi zwee Journalisten hu sech op de Wee hei an d'Land gemaach an op engem Samschden de Moien eng Rei Kameraen am Chalet an an de Beem ronderëm verstoppt. E puer Stonnen drop, koum et dunn tatsächlech zu engem Treffen, wou ënnert anerem "Sieg Heil" geruff gouf, Hakekräizer opgehaange gi sinn, an ee grousst Feier gemaach gouf. Mat enger Kamera hunn déi zwee Journaliste sech am Bësch ronderëm de Chalet verstoppt a gefilmt. Angscht hätt de Stefaan Meerbergen net gehat, ma et hätt hien awer gewonnert, datt keng Persoune vu baussen duerch dat grousst Feier oder och déi haart Riff eppes matkruten. 

Och wann de Stefaan Meerbergen scho laang zu dësem Phenomeen Recherchë mécht, esou hätt hien awer d'Ausmooss vun der extreem-rietser Ideologie besonnesch bei Jonken iwwerrascht.

Stefaan Meerbergen, Journalist bei VRT Television a Co-Auteur vum Documentaire: "Cela m'a surpris, vraiment, oui. Ce qu'on a vu ce sont des jeunes de 18 ans ou même moins, qui font des saluts Nazi. Et moi j'ai eu l'occasion d'interviewer quelques membres du club en Flandre et de les demander pourquoi ils font des saluts Hitler. Et pour eux, c'est devenu normal, c'est pas extraordinaire. Et donc ça c'est quand-même inquiètant."

Beim rietsextreme Grupp Wolvenrad, dee sech zu Wolz getraff huet, geet et net just ëm Ideologie, mee och ëm Kampfsport, an deen Zesummenhang kënnt net vu Muttwëll. 

"Active Clubs" mat neonazistescher Ideologie

Wéi ginn déi virun allem jonk Männer vun dëse Gruppe rekrutéiert? De Wee féiert dacks iwwer sougenannten Active Clubs, dat si Veräiner déi Kampfsport maachen an och Kämpf organiséieren. Dozou d'Dr. Léonie de Jonge vun der Universitéit Tübingen, déi schonn zanter Jore Rietsextremismus erfuerscht:

Prof. Dr. Léonie de Jonge, Eberhard Karls Universität Tübingen: "Dat ass e Phenomeen vun esou Kampfsportgruppen, déi no baussen ausgesi wéi normal Boxschoulen, déi awer de Kampfsport gesinn als kierperlechen Training a Kampfsport mat Ideologie verbannen. Also et geet ëm White Supremacy, Wäiss Iwwerleeënheet, Iwwerleeënheet vun der wäisser Rass, et geet drëm, virun allem offline aktiv ze sinn, present ze sinn a sech kierperlech och virzebereeden op Gewalt. Et ginn Estimatiounen, datt an Däitschland ongeféier 20 där Gruppen aktiv sinn. Ech halen dat fir immens konservativ Aschätzungen. An Holland sinn Aschätzungen, datt do fënnef där Gruppen aktiv sinn. An do ass eeben och wichteg ze signaliséieren, datt déi oft net erkannt ginn als rietsextrem Gruppen, well se no baussen eeben ausgesinn wéi eng normal Sportschoul oder e Boxveräin."

Prof. Dr. Léonie de Jonge, Eberhard Karls Universität Tübingen

Iwwer d'Zesummenhäng vun dem Trainéiere vum eegene Kierper a Rietsextremismus fuerscht och d'Dr. Catherine Tebaldi vun der Uni Lëtzebuerg. 

Dr. Catherine Tibaldi, Uni.lu: "Ech wëll net soen, datt d'Wellness-Kultur oder datt ee sech ëm säi Kierper këmmert, u sech eppes Rietsextremes ass. Mee rietsextrem Gruppe verbannen dës Iddien dacks mat der Iwwerleeënheet vun der wäisser Rass, awer och mat där vum eegene Kierper. Also mat der Virstellung, datt een, wann ee besonnesch fit ass oder besonnesch gutt ausgesäit, automatesch besser oder méi wäert ass wéi aner Mënschen.
Dat knäppt un al eugenesch Virstellungen un, also un d'Iddi vun enger sougenannter Herrenrass, vum stäerkste Mann, deen anerer dominéiert. Esou Aussoen héiere mer och vum Donald Trump, wann hie beispillsweis seet, hien hätt déi bescht Genen, oder datt nëmme Leit mat gudde Genen an Amerika komme sollten. Dat sinn also ganz oppe rassistesch Virstellungen."

D'Phenomeen vun den Active Clubs wier der Catherine Tebaldi no dann och ee Phenomeen, deen een ëmmer méi a verschiddene Länner géif gesinn. D'Kämpf ginn och meeschtens gefilmt an online gesat, doduerch géif een och vill jonk Leit erreechen. Ma virun allem no der COVID-19-Pandemie géif ee gesinn, datt d'Trainéieren an d'Oppassen op den eegene Kierper an der rietsextremer Zeen zougeholl hätt. 

Wat kann d'Gesellschaft maachen?

Well déi rietsextrem an neonazistesch Ideologie bei den Active Clubs net op den éischte Bléck ze gesi sinn, réit d'Léonie de Jonge och dozou, datt een als Gesellschaft misst oppassen a preventiv virgoen: 

Prof. Dr. Léonie de Jonge, Eberhard Karls Universität Tübingen: "Do muss ee ganz genau hikucken, a sech froen: 'okay, rekrutéiere se virun allem oder exklusiv wäiss jonk Männer? Wat hu se fir Tattooen, a wéi enger Zeen si se ënnerwee a wéi eng Ideologie gëtt eeben do mat vermëttelt?' Datt een do muss immens gutt oppassen. An et gëtt eigentlech kee Grond, fir unzehuelen, datt et sou eppes iwwerhaapt net zu Lëtzebuerg géif ginn. (...) Deem muss een eigentlech aner Männlechkeetsidealer dogéint setzen, déi eeben inklusiv sinn an déi net op naturaliséiert Hierarchien an der Gesellschaft uspillen, mee eeben op méi Gläichheetsidealer uspillen. Also, ech mengen, d'Erkennen ass immens wichteg a bleift och wichteg, d'Reagéieren, mee och d'Preventioun, also d'politesch Bildung huet do eng wichteg Roll, fir eeben och ze immuniséieren an opmierksam ze maachen."

Weider Artikelen iwwer dëst Thema

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab