Bëschbränn zu Los Angeles: "Palisades Fire"-Ugeklote schëlleg gesprach

De Mann, deem reprochéiert gëtt, fir de Groussbrand an de Pacific Palisades bei Los Angeles Ufank 2025 verantwortlech ze sinn, ass vun engem Geriicht zu LA schëlleg gesprach ginn. Dem presuméierten Täter gëtt konkret Brandstëftung an der Silvesternuecht 2025 virgehäit. Bei engem Wanderwee soll hien ee klengt Feier geluecht hunn, wat sech um Enn zum Groussbrand entwéckelt huet. D'Feier an de Pacific Palisades an am Groussraum Los Angeles hat am Januar 2025 iwwer 160.000 Gebaier zerstéiert, 31 Leit waren dobäi ëm d'Liewe komm.
Den 30 Joer ale Mann riskéiert eng Prisongsstrof vu bis zu 40 Joer. D'Strofmooss gëtt am Mäerz annoncéiert.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗