Battere Remis fir Bayern géint Köln: Harry Kane fält fir e puer Méint aus

Den Harry Kane ass ee vun de wichtegste Pilieren an der Ekipp vum FC Bayern München

Den Harry Kane muss eng laang Verletzungspaus aleeën. Wéi den FC Bayern München, e Freideg den Owend matgedeelt huet, huet sech de Weltfuttballer e Rass vum Syndesmoseband zougezunn.

Den 33 Joer ale Stiermer war beim 1:1 an der Bundesliga géint den 1. FC Köln an der 15. Minutt bei engem Schossversuch am Strofraum vum Joel Schmied gefoult ginn. De Kölner hat de Kapitän vun der englescher Nationalekipp beim Ofwierversuch um lénke Fouss getraff.

Den Trainer Vincent Kompany huet nom Match géintiwwer Sky Däitschland erkläert, datt de Kane net nëmme fir e puer Wochen, mä fir "Méint" ausfale wäert. Ob eng Operatioun néideg ass, ass nach net kloer.

Fir d'Bayern ass dat e schwéiere Réckschlag. De Kane, dee viru kuerzem nach mam Ballon d'Or ausgezeechent gouf, zielt zënter sengem Wiessel op München am Joer 2023 zu de wichtegste Spiller an der Ekipp.

De Kapitän vun der englescher Nationalekipp hat an der Vergaangenheet schonn e puer Mol Problemer mam Spronggelenk, gréisser Verletzungspause waren déi lescht Joren awer seelen. Zënter sengem Transfert op München hat hie bis ewell nëmmen e puer Matcher verpasst.

Wéini den Toppstiermer nees um Terrain wäert stoen, ass den Ament nach net gewosst. Fest steet awer, datt de Rekordmeeschter an den nächste Méint op säi beschte Goalgetter verzichte muss. De Bayern-Sportdirekter Max Eberl huet nom Match vun enger Paus vun dräi Méint geschwat.

D'Suerge vun de Bayern an der Offensiv ginn domadder nach méi grouss. Serge Gnabry, Alphonso Davies an Ismael Saibari fale schonn aus, de Luis Diaz kënnt eréischt esou lues nees zeréck.

Bayern ass d'nächst Woch an der Champions League zu Lille gefuerdert. D'Partie gëtt e Mëttwoch um 21 Auer ugepaff a live op RTL ZWEE an RTL Play iwwerdroen.

D'Resultater vun der Bundesliga fannt Dir op RTL.lu.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab