Genève: Éischt UN-Gespréicher iwwer autonom Waffe ginn ouni Accord op en Enn

Zu Genève gouf et éischt Gespréicher iwwer eng méiglech Reguléierung vun autonome Waffen.

Éischt Gespréicher iwwer eng Reguléierung vu gréisstendeels autonome Waffe si bei de Vereenten Natiounen zu Genève ouni een Accord op en Enn gaangen. Gëeenegt huet ee sech just drop, datt d'Gespréicher bannent den nächsten zwee Joer nees sollen opgeholl ginn, fir Reegele festzesetzen, déi d'Benotze vu selbststännege Waffesystemer reguléieren. Vollautonom Waffen, déi och Killerroboter genannt ginn, kënne beispillsweis Ziler selbststänneg erkennen an ugräifen.

Mënscherechtsorganisatiounen hate sech méi vun de Gespréicher erhofft, eng 100 Länner waren och dofir, datt méi streng Regulatioune sollten agefouert ginn. Staate mat grousse Rëschtungsindustrië wéi d'USA, Russland an Israel waren allerdéngs dogéint.

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab