Protester zu Berlin: "Gen Z regelt" fuerdert sozial Gerechtegkeet an e kloeren "Nee" zu der "Wehrpflicht"

Korrespondenz vu Berlin / Leonie Nestler

Sozial Gerechtegkeet an e kloren "Nee" zu der Wehrpflicht", dat sinn, kuerz zesummegefaasst, déi zentral Fuerderunge vun der Initiativ "Gen Z regelt". E Freideg an der Mëttesstonn hate sech net wäit vum Alexanderplatz zu Berlin vill jonk Leit nees versammelt.

"Conni ist kein Kanonenfutter" oder "Reagieren statt ignorieren.", dat sinn nëmmen e puer Beispiller vu selwer gemaache Plakater, déi Kanner a Jugendlecher matbruecht haten.

"Ich bin auch gegen die Wehrpflicht, ich finde es super, dass es eine Bundeswehr gibt. Aber ich finde, man sollte auf keinen Fall jemanden zwingen, dahin zu gehen. Wir wollten einfach streiken für bessere Bildung und dass nicht das ganze Geld nur in das Militär und so investiert wird."

Hei zu Berlin hate sech och eng Rei aner Organisatiounen de Protester ugeschloss. D'Bundesschülerkonferenz zum Beispill hat zesumme mat Fridays for Future an dem Bundeselternrat zu enger Manif fir besser Bildung opgeruff. Knapp dräi Wochen no der éischter grousser Demo ass am Gespréich mat de Jonken awer virun allem eng Saach kloer ginn: Vill vun hinnen hunn nach ëmmer net d'Gefill, dass hir Stëmm an der Politik wierklech Gehéier fënnt.

"Ich habe das Gefühl, dass die Streiks bisher irgendwie noch nicht so viel bewirken, leider aktuell. Ich weiß jetzt noch nicht ganz wie viel sie ausgelöst haben, aber ich glaube wir werden jetzt viel mehr gehört da wir jetzt auf die Straße gehen."

Net nëmme Jonker waren do. Och vill Erwuessener sinn op d'Strooss gaangen, fir sech mat der jonker Generatioun ze solidariséieren.

"Die steigenden Militärausgaben nehmen natürlich auch die Sicht auf den Klimawandel, die Sicht auf die sozialen Spannungen die überall jetzt wachsen und deswegen sind ja auch jetzt die Kinder und Jugendlichen auf der Straße für ihre Ausbildung, für ihre Zukunft."

Zu Berlin waren der Police no ronn 4.000 Leit bei der Demo mat dobäi. Dat waren der däitlech manner wéi bei der éischter grousser Mobiliséierung virun dräi Wochen.

D'Fuerderunge vun de Jonke bleiwen awer bestoen an och d'Gefill, dass nach vill geschéie muss, fir dass hir Suergen endlech méi eescht geholl ginn.

Ausschreidungen no Gen-Z-Protester

Och op anere Plazen an Däitschland gouf et e Freideg Maniffen, ma och do ware manner Leit dobäi wéi erwaart. No de Maniffen ass et e Freideg den Owend deels zu Ausschreidunge komm. Zu Hamburg hu maskéiert Persounen nom Enn vun enger "Gen Z regelt"-Demonstratioun Knupperten a Fläschen a Richtung vu Poliziste geworf. Poubellen an Ofspärunge sinn op d'Stroosse geheit ginn. Och zu Leipzig ass et zu Konfrontatiounen tëscht Demonstranten an der Police komm. Zu Frankfurt am Main, wou d'Situatioun virun dräi Wochen eskaléiert war, ass et roueg bliwwen.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab