Passepartout: Spezialsendung vun der Luxembourg Art Week
Passepartout vum 21. November 2026
Dës Woch am Passepartout dréint sech alles ëm déi 12. Editioun vun der Luxembourg Art Week.
D'Luxembourg Art Week ass och dëst Joer nees en zentralen Treffpunkt fir Galerien, Institutiounen, Sammler a Konschtbegeeschterter. Ganzer 78 Exposanten aus ronn 15 verschidde Länner sinn dëst Joer op der Konschtfoire vertrueden.
Am Art Week-Spezial kucke mer mat der Direktesch Mélanie de Jamblinne op de Programm am groussen Ausstellungszelt um Glacis, ma och op dat wat d'Luxembourg Art Week ausserhalb dovunner ze bidden huet, wéi zum Beispill den Art Walk.
Mir schwätze mat verschiddenen Aussteller aus der Sektioun "Focus Photo" ënnert anerem iwwer aktuell Tendenzen an der Fotografie a mir werfen e Bléck op d'Geschicht vun dësem Medium.
Zum Schluss vun dëser Emissioun presentéiere mir Iech de Filmreakter Quickie "Wolf down the rich" vun der Realisatrice Lucie Wahl.
Impressioune vun der Luxembourg Art Week 2026
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗