CGDIS: Dräi Blesséierter bei Accident zu Gonnereng
Verëffentlecht: 21.11.26 07:11

E Freideg am Nomëtteg an am Laf vum Owend koum et zu e puer Asätz vum CGDIS. Eng Dampentwécklung gouf et um kuerz no 17 Auer an der Rue Mil Neuf um Cents. An der Avenue de la Liberté zu Déifferdeng konnt géint 19 Auer e Feier mat Zäite geläscht ginn, an an der Route de Finsterthal zu Biissen huet géint 21:30 Auer een Transformator gebrannt. Et ass all Kéier beim Materialschued bliwwen.
Donieft mellt de CGDIS och nach zwee Accidenter. Um 17:15 Auer krute sech zwee Autoen tëscht Folkendeng a Brouderbuer ze paken, zwou Persoune goufen hei blesséiert. Um kuerz no 23 Auer ass een Auto op der Tréierer Autobunn op der Héicht Mënsbech accidentéiert. Hei gouf et ee Verwonnten.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗