Ier d'Südspidol fäerdeg ass: Nei Spidolsgebaier fir Nidderkuer an Diddeleng

Ier d'Südspidol fäerdeg ass: Nei Spidolsgebaier fir Nidderkuer an Diddeleng

D'Südspidol wäert fréistens 2034 opgoen. Dofir solle virdrun nei Spidols-Infrastrukturen op d’CHEM-Sitte vun Nidderkuer an Diddeleng gebaut ginn.

Eigentlech sollten d’Spidolsaktivitéite vum Süden all am Südspidol zentraliséiert ginn. Dat war wéi een nach geduecht hat, datt déi grouss nei Klinik 2022 oder op d’mannst nach an dësem Joerzéngt opgoe géif.

Well elo awer feststeet, datt deen neie Site mat senge véier connectéierte Gebaier, 15 Operatiounssäll a 600 Better beim Rond-Point Raemerich zu Esch-Uelzecht net virun 2034 wäert opgoen, gouf ëmgeduecht. Fir dem demographeschem Wuesstem Rechnung ze droen a mat der medezinescher Entwécklung Stand ze halen, gouf decidéiert, datt zu Nidderkuer bäigebaut an zu Diddeleng komplett nei gebaut soll ginn. An datt dës Gebaier och no der Ouverture vum Südspidol als sougenannt “Sites hospitaliers” solle weider fonctionéieren.

Raphaëlle Dickes

Raphaëlle Dickes

Op dësem Parking soll dat zousätzlecht Gebai gebaut ginn.

Op dësem Parking soll dat zousätzlecht Gebai gebaut ginn. Raphaëlle Dickes

Hei soll ee Parkhaus mat 400 Plaze gebaut ginn.

Hei soll ee Parkhaus mat 400 Plaze gebaut ginn. Raphaëlle Dickes

Raphaëlle Dickes

Raphaëlle Dickes

Raphaëlle Dickes

Raphaëlle Dickes

Raphaëlle Dickes

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

En zousätzlecht Gebai fir Nidderkuer

Um Parking virum Hôpital Princesse Marie-Astrid zu Nidderkuer soll – wann alles leeft, wéi erhofft - ëm 2030 een zweet Gebai stoen. De Parking, deen doduerch verluer geet, wäert duerch ee Parkhaus mat 400 Plaze virun deem neie Gebai ersat ginn. Hie wär frou, dass d‘Nidderkuerer Spidol ausgebaut gëtt, sot den Déifferdenger Buergermeeschter Guy Altmeisch RTL géintiwwer. Dat wär eng Garantie, datt d‘Spidol bestoe bleiwe géif, wat am Interêt vun der Gemeng an de Bierger wär.

An dat neit Gebai soll eng ambulant Chirurgie kommen, grad wéi eng Policlinique an eng Clinique de la douleur, erkläert eis den Dokter Romain Schockmel, medezineschen Direkter vum CHEM. Dës Servicer wäerten allerdéngs spéider an d’Südspidol transferéiert ginn. Aus der neier Infrastruktur zu Nidderkuer soll dann ee medezinesche Versuergungszentrum ginn. Mat enger Policlinique, Imagerie médicale, Endoskopie an allem, wat ee baussent engem Akut-Spidol kann ubidden.

Een neit Gebai beim LNS zu Diddeleng

Diddeleng soll dann amplaz vun der existenter Struktur ee kompletten Neibau kréien. Idealerweis soll dëse bis 2031-32 fäerdeg sinn. E kéim awer op een anere Site, nämlech an d'Géigend vum LNS, esou den Dokter Schockmel. Schonn eleng wéinst der Accessibilitéit wär dat interessant. Och aus dësem Gebai soll no der Ouverture vum Südspidol e medezinesche Versuergungszentrum ginn.

Upassungen am Escher CHEM

Am Géigesaz zu den Antennen zu Diddeleng an Nidderkuer wäerten d'Aktivitéiten am Escher Spidol agestallt ginn, wann d'Südspidol bis operationell ass. Bis dohinner ginn d'Infrastrukturen awer och hei weider un d'medezinesch Besoinen ugepasst.

"Mir hunn haut 30% méi Operatiounen", betount den Dr Schockmel. Praktesch all d’Aktivitéite géifen zouhuelen. Dofir mussen Upassunge gemaach ginn. Souwäit et Sënn mécht.

Verschidden administrativ Servicer, grad wéi d’Informatik goufen a Gebaier baussent dem Spidol verluecht. Esou ass an de Gebaier vun der Klinik méi Plaz fir medezinesch Aktivitéiten.

Duerch d'Constructioun vun enger neier Entrée fir d'Ambulanze beispillsweis, konnten d'Urgencen anescht organiséiert ginn. D’Fluxe vun de Patiente gouf ugepasst, fir eng besser Prise en charge ze erméiglechen. Een neie Waardesall mat Better verhënnert, datt d'Leit an den Urgencen am Gank waarde mussen, bis se op d'Zëmmer kommen. Och soll d'Reanimatioun vergréissert ginn. Dee groussen Challenge ass, datt all dës Aarbechten am lafende Betrib misste gemaach ginn.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab