Formel 1 zu Las Vegas: Kimi Antonelli séiersten am Qualifying, Max Verstappen geet vu Plaz 1 an d'Course

Fir de Max Verstappen ass et dës Saison déi drëtte Kéier, datt hie vu ganz vir an d'Course geet.

De Mercedes-Pilot Kimi Antonelli ass am beschte mat de Konditiounen um Las Vegas Strip eens ginn. Den Italieener ass am Qualifying déi séiersten Zäit gefuer an huet sech seng 8. Pole Position geséchert. E Sonndeg geet den neie Weltmeeschter awer nëmme vu Plaz 6 an d'Course, datt well hie wéinst engem neie Motor eng Strof vu fënnef Startplaze kritt huet.

Vun der Strof profitéiert huet de Max Verstappen op Red Bull. Hien ass am Qualifying op Plaz 2 gefuer a start domadder beim Grousse Präis vu Las Vegas vu ganz vir. Nieft him steet den George Russell op Mercedes. Aus der zweeter Rei starten de Lando Norris op McLaren an den Isack Hadjar op Red Bull.

De Grousse Präis vu Las Vegas an den USA gëtt e Sonndeg de Moien ëm 5 Auer Lëtzebuerger Zäit gefuer. Vu 4:30 Auer kënnt Dir op RTL ZWEE an RTL Play live bei der drëttleschter Course vun der Saison dobäi sinn.

Net an de Q3 gepackt hunn et iwwerraschend déi zwee Ferrari-Pilote Charles Leclerc a Lewis Hamilton. Wéi schonn esou dacks an dëser Saison hu si sech och um kale Circuit vu Las Vegas schwéier gedoen, fir Temperatur an d'Pneuen ze kréien an esou si si als 11. an 12. am Q2 eliminéiert ginn. Donieft war och nach Feierowend fir déi zwee Williams-Piloten Alexander Albon a Carlos Sainz an déi zwee Audi-Piloten Nico Hülkenberg a Gabriel Bortoleto.

Net iwwer de Q1 erauskomm sinn déi zwee Haas-Piloten Rafael Camara an Oliver Bearman, déi zwee Aston-Martin-Pilote Fernando Alonso a Lance Stroll an déi zwee Cadillac-Pilote Sergio Perez a Valtteri Bottas.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

Formel 1 Kalenner Saison 2026

Fannt am Dokument déi genee Iwwerdroungszäite vun der Formel 1 op RTL.

FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2026

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab