Background am Gespréich (21. November): Background am Gespréich mat 3 Journalisten: Wéi steet et ëm d’Zukunft vum Journalismus?

Kënschtlech Intelligenz, Sozial Medien an Diffamatioun an Attacke géint Journalisten a Journalistinnen. Wéi steet et ëm d’Zukunft vun der Press? Dat beschwätze mir an eiser Emissioun Background am Gespréich mam Misch Pautsch, President vum Presserot, mat der Investigativjournalistin Véronique Poujol an dem President vun der Journalistenassociatioun ALJP, dem Sidney Wiltgen.

Mat hinne schwätze mir iwwer d’Erausfuerderungen an de Wandel vum Journalismus an eiser Gesellschaft.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab