Och de Klang spillt eng Roll: V8-Motore sollen 2030 e Comeback an der Formel 1 feieren

Dës Annonce huet d'Fédération Internationale de l'Automobile (FIA) wärend dem Las Vegas Grand Prix matgedeelt. Den neien technesche Kader wier eestëmmeg tëscht der FIA, der Formel 1, den Ecurien an de Motorhiersteller ofgeschwat ginn.
Am Mëttelpunkt steet en 2,1-Liter-V8-Turbomotor. D'Zil ass et, d'Motore manner komplex, méi liicht a méi bëlleg ze maachen. D'Hybrid-Technologie soll dobäi däitlech reduzéiert ginn.
Nieft de Käschten an der technescher Vereinfachung wëll d'FIA virun allem de sportlechen Aspekt nees méi staark an de Mëttelpunkt réckelen. D'Autoe sollen eng méi aggressiv Fuerweis erlaben a fir Iwwerhuelmanöver suergen. Och de Klang vun de Motore soll nees méi Emotioune bei de Fans ausléisen.
Méi liicht Autoen an nees méi Afloss vum Pilot
Net nëmmen d'Motore sollen an Zukunft méi einfach ginn. Och de Chassis soll iwwerschafft ginn. D'Formel-1-Autoe sollen insgesamt méi liicht ginn. Doduerch soll d'Talent vum Pilot nees méi staark an de Vierdergrond réckelen.
De FIA-President Mohammed Ben Sulayem huet den Accord als wichtege Meilesteen an der Weiderentwécklung vun der Kinneksklass bezeechent. D'Zil wier et, d'Formel 1 méi kompetitiv a méi spannend ze maachen, ouni dobäi Innovatioun an Nohaltegkeet aus den Aen ze verléieren.
No 16 Joer soll de V8-Motor also säi Comeback feieren. Ganz definitiv ass dëst Changement awer nach net. D'Reglement fir 2030 soll bei der nächster Sëtzung vum FIA World Motor Sport Council (WMSC) zu Shanghai presentéiert ginn.
All Ännerunge mussen nach offiziell vum WMSC approuvéiert ginn. Eréischt duerno ass de Wee fir déi nei V8-Ära an der Formel 1 definitiv fräi.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗