Op der Luxembourg Art Week: De Lucas Leffler gewënnt de Contemporary Art Prize

Op der Luxembourg Art Week: De Lucas Leffler gewënnt de Contemporary Art Prize

Et ass fir d'éischt, dass op der Luxembourg Art Week e Konschtpräis iwwerreecht gouf. Dëse goung un de Fotograf Lucas Leffler.

Zanter en Donneschden leeft déi 12. Editioun vun der Luxembourg Art Week, mat ënnert anerem enger grousser Foire um Glacis.

Et ass dëst Joer fir d'éischt, dass an deem Kader och e Konschtpräis iwwerreecht gouf. De Contemporary Art Prize soll zäitgenëssesch Konscht auszeechnen. Et waren 10 Kënschtler a Kënschtlerinnen aus Lëtzebuerg an dem Ausland nominéiert a gewonnen huet de Fotograf Lucas Leffler vun der Galerie Lee Bouwens um Stand B17.

"C'est forcément quelque chose de très gratifiant. La galerie Lee Bouwens et moi, on est tout les trois vraiment très fier de ça."

Lucas Leffler

D'Wierk mam Titel "Mudprints", wat mam Contemporary Art Prize ausgezeechent gouf, ass eng Serie mat 3 Naturfotoen, déi agerummt un der Mauer op engem grousse schwaarz-wäiss Print vun enger Industrieanlag hänken.

De visuelle Kënschtler, dee Fotografie studéiert huet schafft a sengen Aarbechten gär mat historesche Materialien asetzt sech vill mat der Ëmweld auserneen.

Isabelle Gillen

Isabelle Gillen

Isabelle Gillen

Isabelle Gillen

Isabelle Gillen

Isabelle Gillen

Isabelle Gillen

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

D'Luxembourg Art Week leeft nach bis e Sonnden all Dag vun 12 bis 17 Auer um Glacis.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab