Kanner an der Chamber: "Mir misste méi matdecidéiere kënnen"

Kanner an der Chamber: "Mir misste méi matdecidéiere kënnen"

Ronn 135 Kanner aus dem ganze Land hu fir den internationalen Dag vun de Kannerrechter beim "Zuch vun der Demokratie" mat den Deputéierten diskutéiert.

Fir déi 9. Kéier ass d'Chamber en Dag laang d'Plaz vun de Kanner. Ronn 135 Schüler tëscht 8 an 12 Joer sinn dës Woch mam Zuch oder mam Bus aus dem ganze Land op Lëtzebuerg komm. Nom Empfang duerch de Chamberpresident hunn si a klenge Gruppe mat den Deputéierten iwwer hir Rechter diskutéiert.

Matbruecht hunn d'Schüler Figuren aus Kartong, déi se an de leschte Wochen an der Klass gebastelt hunn. Se weisen en Deputéierten an e Kand niefteneen an all Klass huet se op hir eege Manéier dekoréiert. Eng Klass huet den Deputéierten zur Hallschent komplett faarweg gemoolt, fir ze weisen, datt och hie mol e Kand war. Anerer hu Gesiichter mat ënnerschiddlechen Hautfaarwen oder Fändele vu verschiddene Länner opgemoolt, fir ze weisen, datt "keen eppes Besseres ass, just well hien aus engem bestëmmte Land kënnt".

Gilles Hoffmann

Gilles Hoffmann

Gilles Hoffmann

Gilles Hoffmann

Gilles Hoffmann

Gilles Hoffmann

Gilles Hoffmann

Gilles Hoffmann

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

Eng aner Klass huet Aarmbänner gemoolt , wéi een se vum Futtball kennt, mat "Respekt" a "Fridden" drop. Hir Message: "Och wann ee keng beschte Kolleegen ass, muss een awer léif matenee sinn."

Doniewent hate verschidde Klasse ganz konkret Fuerderungen. Ee Beispill ass de Schoulalldag: "Ech fannen, mir missten an der Grondschoul méi matdecidéiere kënnen iwwert de Stonneplang."

Eng aner Klass huet sech fir d'Kannerrecht 24 entscheet. "Mir hunn zesummen als Klass d'Kannerrecht 24 erausgesicht, well mer et wichteg fannen, datt de Verkéier berouegt gëtt. Dobäi hu mir den Ëmweltschutz domat kombinéiert."

Ee Problem betrëfft souwuel de Schoulsport wéi och d'Fräizäit: "Als Klass hu mir d'Recht fir schwammen ze goen, well am Oste gëtt et de Moment keng Schwämm, wou mir schwamme kënne goen."

Ob an a wéi wäit dës Iddien an d'Politik afléissen, bleift ofzewaarden. Fir d'Éischt hunn d'Kanner awer gewisen, datt si ganz genee wëssen, wat hinne wichteg ass.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab