Toulon: Zwee Joer feste Prisong fir Mann, dee Kaz ëmbruecht a verstümmelt huet

E Freideg gouf um Geriicht zu Toulon a Frankräich en 32 Joer ale Mann zu zwee Joer festem Prisong verurteelt, well d'Geriicht et als erwisen ugesinn huet, datt hien eng Kaz ëmbruecht huet. Wéi et aus Kreesser vun der Justiz heescht, hätt Geriicht eng éischte Kéier an der Regioun e "Préjudice animalier" - also d'Schuede vun engem Déier - unerkannt.

D'Affer war d'Myrtille, eng weiblech Maine-Coon-Kaz vun zwee Joer. Si konnt un Hand vun hirem Chip identifizéiert ginn. Den 23. August war si opgespiisst op engem Drot zu Six-Fours-les-Plages am Departement Var fonnt ginn. Virdru waren hir d'Wirbele gebrach, hiert d'Haut zum Deel ofgezunn a hire Kierper deels verstümmelt ginn.

Ici Provence no war de Mann Enn September identifizéiert ginn, well een DNA vun him um Halsband vun der Kaz fonnt hat. Zu deem Ament souz den 32 Joer alen Täter schonn am Departement Vaucluse wéinst enger anerer Dot am Prisong.

D'Affekotin vun dräi Déierenassociatioune gesäit d'Strof am Verhältnis zu der Dot an dem Fakt, datt den Ugeklote säi Virgoen net bereit huet. D'Geriicht huet dobäi eng fréier Prisongsstrof vu sechs Méint, déi op Sursis ausgesat war, widderruff. De Mann dierf weider de Recht vu sengem Liewen net méi a Frankräich areesen an krut verbueden, jeemools Déieren ze halen.

"Well d'Geriicht de Préjudice animalier unerkannt huet, gouf d'Déier als Affer ugesinn an dowéinst soll d'Leed, wat de Mann ervirgeruff huet, nees guttgemaach ginn", esou d'Affekotin weider. D'Maître Dauzon huet nach betount, datt d'Gesetz bis ewell eréischt a wéinege Fäll a Frankräich an déi éischte Kéier an dëser Regioun esou applizéiert gouf. Déi dräi Associatiounen, déi vun hir vertruede ginn, kréien donieft eng Indemnisatioun vu 500 Euro pro Associatioun. Dobäi kënnt nach eng Indemnisatioun wéinst moraleschem Schued.

Och de Buergermeeschter vu Six-Fours, wou d'Kaz fonnt gouf, huet d'Urteel begréisst, nodeem dësen Tëschefall an der Géigend fir vill Emotioune gesuergt hat. "Dës Decisioun ass eng ganz decisiv Äntwert op eng Dot, déi eis Gemeng déif getraff huet", esou de Buergermeeschter vum Rassemblement Nationale. Hien huet och betount, datt "keng Grausamkeet géintiwwer engem Déier verharmloost oder onbeäntwert dierft bleiwen".

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab