"Heil Hitler" an Nazifändel zu Wolz: Nazisymbolik zu Lëtzebuerg net per se strofbar
No de Revelatiounen vun hollänneschen a belsche Journalisten iwwert presuméiert Neonazi-Treffen zu Lëtzebuerg am Kader vum Adolf Hitler sengem Gebuertsdag déi lescht Jore stelle sech eng Partie Froen. Wéi a firwat sinn d'Membere vun dësem sougenannten "Active Club", déi sech no baussen als Membere vun engem Fitness- a Kampfsportgrupp tarnen, mä Experten no am rietsextreeme Milieu ze gesinn sinn, op Lëtzebuerg komm? A kënne se fir hiert Verhalen zu Wolz am Bësch strofrechtlech belaangt ginn? Wat riskéiert een zu Lëtzebuerg u Strof, wann een "Heil Hitler" rifft, den Nazifändel mam Hakekräiz ophänkt a Bicher verbrennt? Mir hu beim Affekot nogefrot.
Zu Lëtzebuerg ass den Opruff zum Haass, op deem senger Basis eng Persoun an deem hei Kontext verurteelt kéint ginn, am Artikel 457-1 vum "Code pénal" gereegelt:
D'Gesetz gesäit also dräi Konditioune fir, déi erfëllt musse sinn, fir datt eng Persoun wéinst Opruff zum Haass zu Lëtzebuerg ka bestrooft ginn. Den Opruff muss an der Ëffentlechkeet geschéien. E muss sech géint Leit oder Gruppe riichten an et muss eng bewosst Intentioun bestoen, fir anerer zum Haass unzestiwwelen.
Treffen dës Konditiounen op dat presuméiert Neonazi-Treffen zu Wolz am Bësch zou?
D'Äntwert vum Maître Pol Urbany ass kloer: "Nee". D'Leit am Video hätte sech bewosst eng geheim Plaz gesicht, fir ënnert sech ze bleiwen a fir net gesinn ze ginn. D'Zeen ass jo réischt doduerch ëffentlech ginn, well Journalisten aus der Belsch an Holland Kameraen heemlech op der Plaz installéiert hunn. Zu Lëtzebuerg ass et net verbueden, bei sech doheem en Nazifändel opzehänken a souguer "Nazi-Partyen" ze feieren. De Gesetzgeber géif sech nëmme fir dat interesséieren, wat an der Ëffentlechkeet geschitt. Mat der bewosster Intentioun engem aneren ze schueden.
Ass eng "Incitation à la haine" nogewisen, riskéiert een tëscht 8 Deeg an 2 Joer Prisong a Geldstrofen, déi vun 251 bis 25.000 Euro goe kënnen.
Lëtzebuerger Strofrecht net manner streng wéi an Holland
Dem Maître Pol Urbany no wiere sech de Lëtzebuerger an den hollänneschen "Code pénal" zimmlech änlech. Et kéint ee sech jo d'Fro stellen, ob d'Gruppéierung aus den zwee anere Benelux-Länner bewosst op Lëtzebuerg komm ass, fir den 20. Abrëll dem Adolf Hitler säi Gebuertsdag ze feieren, well hei Saachen erlaabt sinn, déi et an Holland net sinn. De Jurist fënnt dat wéineg probabel. De Maître Pol Urbany hält et fir méi warscheinlech, datt déi auslännesch Rietsextreemiste sech Lëtzebuerg raus gesicht hunn, well se hei méi ënnert dem Radar gelaf sinn a vun den Autoritéiten net sou bekannt waren.
Proprietär vum Chalet net ze belaangen
Dem Proprietär vum Scoutschalet Jitz wier iwwregens keng Schold ze ginn. D'Wëlzer Scoute vum Grupp Saint Sébastien vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten hätte jo guer net gewosst, wien de Chalet gelount huet a souguer wann, géif d'Gesetz do keng Strof drop virgesinn. De lokale Scoutsgrupp huet en Donneschdeg matgedeelt ,datt si eng Plainte bei der Police gemaach hunn, nodeems d'Revelatiounen hei am Land public gi sinn.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗