Budgetsprojet 2026: Staatsrot vermësst "Reequilibrage" – Chambre des Salariés fënnt "Alarmismus net justifiéiert"
An hirem Avis zum Budgetsprojet fir d'nächst Joer an zum Pluriannuell – der budgetärer Programmatioun bis 2030 – recommandéiert déi héisch Kierperschaft "appropriéiert Mesuren" fir ze verhënneren, datt d'Staatsschold "onhaltbar" Niveauen erreecht.
Se hieft ervir, datt d'Zënsen op d'Staatsschold op ee Joer ëm 200 Milliounen Euro an d'Luucht wäert goen. Et misst dofir gesuergt ginn, datt en Handlungsspillraum bestoe bleift, fir op onerwaart an inevitabel Krisen ze reagéieren an Investissementer weider kënnen ze maachen, déi fir déi strukturell Enjeuen, déi am Budget virgesi sinn, néideg sinn.
D'Chambre des Salariés huet an hirem Avis eng aner Liesaart: fir d'Vertrieder vum Salariat wieren d'Staatsfinanzen ënnert dem Stréch "gesond" an et géing kee Grond ginn, fir Alarm ze schloen (se benotzt dee Begrëff 5 Mol an hirem Avis).
An hirer Analys wier de budgetären Defizit eleng op Investissementer zeréckzeféieren. Se fuerderen allgemeng méi Steiergerechtegkeet, notamment duerch eng méi staark Besteierung vu Kapitalerträg. Eng weider Baisse vun der Betribssteier fannen se "inakzeptabel".
Neien Amortissement acceleré tëscht Hummer an Amboss
De Staatsrot huet iwwerdeems dräi Oppositions formelles ausgedréckt: et handelt sech ëm technesch Detailer am Zesummenhang notamment mam neien Amortissement acceléré – engem steierleche Virdeel fir den Invest an de Locatif.
Generell ass de Staatsrot awer averstan, datt een den neie méi héijen Taux vu 6% fir 6 Joer just nach fir e Bien kritt, deem seng Base imposable ënner 600.000 Euro läit.
De Logementsminister Claude Meisch huet trotz Drock aus dem Immobiliesecteur an an den eegene Reien un deem Plaffong festgehalen, well hie wëll, datt de Secteur et fäerdegbréngt, Wunnengen ënnert deem Präis ze produzéieren.
De Staatsrot kritiséiert awer generell, datt d'steierlech Mesurë fir de Bau de Steiersystem ëmmer méi komplex an onlieserlech maachen a recommandéiert déi Mesurë reegelméisseg z'iwwerpréiwen.
D'Chambre des salariés hannerfreet hirersäits awer d'Effikassitéit vu steierleche Virdeeler, fir de Bau unzekuerbelen a bezuelbare Wunnraum ze schafen.
An engem laangen Abschnitt kritiséiert se besonnesch den neien Amortissent acceleré, well wat ee méi Wunnenge besëtzt, wat ee méi steierlech entlaascht géing ginn. Bei engem Appartement géing d'Deductioun par Rapport zum aktuellen Amortissement ëm 20% klammen a bei 10 Appartementer ëm 133%.
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗