Wéi vill Plaz bleift der Kultur am ëffentleche Raum?: Projet "Rendre public"
Wien haut duerch d'Stad Lëtzebuerg trëppelt, kritt op verschidde Plazen nach ëmmer Kultur annoncéiert: op Chantierpalissaden, a Bushaltestellen oder a Vitrinne vu Geschäfter. Wat awer zanter 2024 feelt, sinn déi speziell Kultursailen, déi laang zum Stadbild gehéiert hunn. Net manner wéi 50 Stéck waren iwwer d'Stad verdeelt an hunn de kulturellen Institutiounen eng Plaz gebueden, fir op hir Evenementer opmierksam ze maachen.
Mat hirem Projet "Rendre public" hëlt d'Grafikdesignerin Annick Kieffer dëse Verloscht zum Ausgangspunkt, fir sech méi grondsätzlech mat der Plaz vun der Kultur am ëffentleche Raum auserneenzesetzen.
Vun der Recherche an den ëffentlechen Raum
Entstanen ass de Projet am Kader vun der Startup-Bourse vun der Œuvre Nationale. D'Iddi déi d'Annick Kieffer ufanks hat, war fir sech Zäit fir e selbstinitiéierte Grafikdesign-Projet ze huelen, also fir eng Aarbecht, déi net duerch en Optrag vun engem Client entsteet. Eng Visitt op der Biennale fir Grafikdesign zu Chaumont huet d'Approche awer verännert. Besonnesch eng Ausstellung iwwer den ëffentlechen Notzen vum Grafikdesign an en internationale Posterconcours hunn d'Annick Kieffer dozou inspiréiert, sech méi intensiv mam kulturellen Affichage ze beschäftegen.
Dobäi geet et ëm méi wéi nëmmen d'Fro, wou Plakater hänken. "D'Kultursailen haten en immensen Atout", erkläert d'Designerin. Si stoungen op zentrale Plazen, wou vill Leit zu Fouss ënnerwee sinn an d'Zäit hunn, sech d'Plakater unzekucken. D'Kultur war domat net nëmmen annoncéiert, mee och visuell am Alldag vun der Stad present.
Haut hänken d'Plakater dacks op Chantierpalissaden. Dat kann zwar gutt funktionéieren, wann de Chantier zentral läit, wéi beispillsweis fréier um Hamilius oder bei der Gare. Mee dës Plaze si just temporär. Wann e Chantier eriwwer ass, verschwënnt och déi Méiglechkeet fir de kulturellen Affichage. Aner Chantieren leien op manner gënschtege Plazen, wou d'Plakater fir Foussgänger kaum ze gesi sinn.

Plakater, déi do hänken, wou d'Kultur higehéiert
Fir d'Ausstellung huet d'Annick Kieffer sech bewosst géint eng klassesch Galerie entscheet. Wann d'Thematik den Affichage am ëffentleche Raum ass, wier et paradox, d'Plakater nëmmen an engem Ausstellungsraum ze weisen. An Zesummenaarbecht mat de Rotondes ginn op enger Chantierpalissad eelef grouss Plakater am Abribus-Format gewisen, ergänzt duerch eng Serie vun aacht Motiver. Gedréckt goufen d'Plakater zu Stroossbuerg am Siebdrock, mat Sëlwer a Schwaarz. Domat wëll d'Designerin och e handwierkleche Prozess valoriséieren, deen duerch déi digital Produktioun ëmmer méi rar gëtt.
Nieft der Ausstellung gehéiert och e Buch zum Projet, mat Essayen, en historeschen Abléck an d'Geschicht vun de Kultursailen zu Lëtzebuerg an Interviewe mat internationale Grafikdesigner. Beispiller aus Rotterdam an der Schwäiz weisen, datt de kulturellen Affichage och haut nach eng wichteg Roll am ëffentleche Raum spille kann, wann d'Stied an d'Politik sech bewosst dofir asetzen.

Eng zentral Fro ass dobäi och déi finanziell Säit. Kulturinstitutioune mussen dacks fir Affichagesflächen déi selwecht Tariffer bezuele wéi kommerziell Reklammen. Fir d'Annick Kieffer misst d'Kultur hei méi gënschteg Konditioune kréien, fir datt och méi kleng Institutiounen hir Veranstaltungen am ëffentleche Raum kënne promouvéieren.
Mat "Rendre public" wëll si virun allem eng Diskussioun ureegen an en Impuls un d'Stad Lëtzebuerg ginn, fir nei Méiglechkeete fir de kulturellen Affichage ze schafen. De Poster wier nämlech net nëmmen en Informatiounsträger, mee och en Deel vun der visueller Identitéit vun enger Stad.
Programm ronderëm de Projet
De Projet gëtt e Freideg den Owend an de Rotonden lancéiert, mat enger Table Ronde mat den Invitéeën Vanina Pinter, François Benoy, Steph Meyers an der Grafikdesignerin selwer. Uschléissend gëtt d'Buch genee wéi d'Expo selwer presentéiert.
D'Ausstellung ass nach bis den 22. Januar zu Bouneweg ze gesinn. D'Buch kann ee bei Point Nemo Publishing bestellen an wäert och zäitno an de Librairien ze fannen sinn.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗