No Reklamatioun vu Lëtzebuerger Vëlosfederatioun: UCI gesäit kee Feeler am Dossier Marie Schreiber
FSCL decidéiert an den nächsten Deeg iwwer weider Schrëtt.
Verëffentlecht: 20.11.26 13:58, Update: 20.11.26 14:14

Et gëtt eng Reaktioun vun der UCI am Dossier Cyclocross-Europameeschterschaft. En Donneschdeg gouf déi Lëtzebuerger Vëlosfederatioun informéiert, datt ee vu Säite vum internationale Verband kee Feeler am Dossier ronderëm d'Decisioun vun de Kommissäre géif gesinn. Viru ronn zwou Wochen hat d'Marie Schreiber hir Victoire vun der Course zu Gonschte vun der Weltmeeschterin Lucinda Brand oferkannt kritt a war op déi 2. Plaz deklasséiert ginn.
Den FSCL-President am Interview wéinst der Cyclocross-EM
UCI gesäit am Dossier ronderëm de Sprint op der Europameeschterschaft kee Feeler bei der Jury.
"Dat ass wat mir vun der UCI als Erklärung kruten. Déi Äntwert ass e bëssen allgemeng gehalen. Si gesinn net, datt do e gréissere Feeler geschitt wier. Mir wëllen dat awer net sou hinhuelen. An eisem Conseil d'Administration wäerte mer elo decidéieren, wéi mer weider wëlle virgoen. Mir wëllen den Dossier sou net zoumaachen, a virun allem d'UCI en net sou einfach zoumaache loossen."
Och d'Marie Schreiber an hiren Entourage goufen iwwer déi Äntwert vun der UCI informéiert. D'UCI ass deemno net konkret op déi gestalte Froe vun der Federatioun agaangen.
Weider Artikelen iwwer dëse Sujet
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗