Am Alter vun 58 Joer: Vicky Whipple u Suitte vu Chute gestuerwen, nodeems si e Malaise gemaach hat

D'Vicky Whipple, eng Lëtzebuergerin mat amerikanesche Wuerzelen, ass virun iwwer engem Joerzéngt an den Texas ausgewandert, wou si zesumme mat hirer Schwëster Carole Whipple zu Fredericksburg d'Rock- an Heavy-Metal-Bar "Der Daiwel" gegrënnt huet. Virun hirer Auswanderung hat si 22 Joer laang bei der Lëtzebuergescher Krankekeess geschafft. Mat hirer Bar gouf si zu enger bekannter Figur an der lokaler Musekszeen a bei der lëtzebuergescher Communautéit an den USA.
Ufank November dëst Joer war an där Bar am Texas eng Abschidssoirée fir d'Vicky Whipple, well si zeréck op Lëtzebuerg komm ass, fir sech hei ëm hir Mamm këmmeren ze kënnen. Hir Schwëster féiert de Café weider.
Den 11. November ass d'Vicky zu Lëtzebuerg ukomm. De 17. November koum et dunn zu Bouneweg dann awer zu engem trageschen Accident. Wéi de Luc Belleville, genannt "Beppo", en enke Kolleeg vun der Vicky Whipple eis matgedeelt huet. Si war ënnerwee an e Restaurant, fir mat hirem Papp iessen ze goen.
Um Wee dohin huet si e Malaise gemaach an ass onglécklech gefall. Bei der Chute ass se mam Kapp um Buedem opgeschloen. D'Doktere konnten hir net méi hëllefen a si ass un de Suitte vun de Blessure gestuerwen.
D'Vicky Whipple war virun allem an der Rock- a Metalzeen immens bekannt a beléift, grad ewéi och ënnert de Biker. De Luc Belleville huet eis erzielt, dass si immens vill zesummen ënnerholl hunn an hie war viru 5 Woche souguer nach an den Texas op Besuch gefuer. Deementspriechend schockéiert war een iwwert d'Nouvelle vum onerwaarten Doud. Dat gesäit een och an de soziale Medien, wou immens vill Bäileedsbäiträg an de leschten Deeg a Stonne verëffentlecht goufen.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗