Carte blanche vum Marc Hostert: Déi onsiichtbar Front …

Den Hybride-Krich ass schonn an eisem Alldag ukomm.

Wa mir u Krich denken, da gesi mir Panzer, Zaldoten a Frontlinnen.

Mee de Krich vun haut huet och en anert Gesiicht. Hien ass dacks onsiichtbar. An hie kënnt eis méi no, wéi mir mengen.

Cyberattacke kënnen eis alldeeglech Servicer stéieren. Si kënnen Internetsäiten, Verwaltungen, Betriber oder Spideeler treffen. Heiansdo geet et net ëm Zerstéierung. Et geet drëm, Onsécherheet ze schafen an d’Vertrauen ze schwächen.

Dat ass keng reng Theorie. Am Mäerz 2024 goufe staatlech Internetsäiten zu Lëtzebuerg mat enger DDoS-Attack iwwerlaascht. Bei esou enger Attack ginn esou vill Ufroe geschéckt, datt eng Säit net méi richteg funktionéiert. De Staat huet eng Krisenzell aberuff. Am Juli 2025 gouf och POST geziilt attackéiert. D’Zil war, Servicer ze stéieren. Laut de Bedreiwer goufen awer keng intern Systemer kompromettéiert a keng Date geklaut. 2022 gouf et och schonn e Virfall bei Encevo.

Lëtzebuerg huet Mesuren, fir op esou Krisen ze reagéieren. De Regierungsplang fir Cyber- an Digital-Krise setzt de Kader. Hie beschreift, wéi d'Autoritéite sech koordinéieren. E leet och fest, wéi d’Bevëlkerung informéiert gëtt.

Déi National Resilienzstrategie geet nach méi wäit. Si soll d'Land op verschidde Krise virbereeden. D'Cyberresilienz ass ee vun hiren aacht Piliere. D'Strategie betount och de Schutz vun Infrastrukturen, déi mir all brauchen. Zum Beispill Stroum, Waasser, Gesondheetsversuergung an Telekommunikatioun.

Och fir d'Leit doheem gëtt et e praktesche Guide: "Mäi Guide fir 72 Stonnen Autonomie“. E soll Stéit hëllefen, sech op déi éischt dräi Deeg vun enger Kris virzebereeden. Eng Kris kann zum Beispill e laange Stroumausfall oder eng Cyberattack sinn. De Guide hëlleft, wichteg Kontakter, Besoinen an Noutfallpläng am Viraus ze bedenken. Hie ersetzt awer kee Cyberplang fir e Betrib oder eng Verwaltung.

Fir vill Betriber a wichteg Secteure gëllt och dat neit NIS2-Gesetz. Et ass zu Lëtzebuerg den 10. Mee 2026 a Kraaft getrueden. Betraffen Organisatioune mussen hir Cyberrisike besser geréieren an op Sécherheetsvirfäll virbereet sinn. Dat ass net nëmmen eng Aufgab fir d’IT-Ekipp. Och Gouvernance vun dëse muss Verantwortung iwwerhuelen.

 Doriwwer eraus kennen, sollen oder musse  mir all och perséinlech eppes maache wéi zum Beispill:

  • benotzte vu staarken , a verschidde Passwierder
  • d'Aktivéierung vun enger Multifaktoriell-Authentifikatioun
  • reegelméisseg Updatë maachen
  • Backuppe maachen
  • an net op verdächteg Linke klicken

Mir sollen awer  net an Angscht liewen. Mee mir däerfen och net naiv sinn. Am hybride Krich ass d’Front net ëmmer ze gesinn. Si leeft matten duerch eis vernetzte Gesellschaft.

Eis bescht Verdeedegung ass Virbereedung, kritescht Denken, Zesummenhalt, a  Vertrauen an dëst op allen Niveauen.

Resilienz fänkt bei jidderengem eenzele vun eis un!

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab