EU-UK-Sommet: Groussbritannien annoncéiert Eenegung, ma nach vill oppe Froen
Am Beräich vun der Handelspolitik an der grenziwwerschreidender Mobilitéit vu jonke Mënsche wieren d'Verhandlungen ofgeschloss, sot ee brittesche Regierungsspriecher e Freideg zu Bréissel. Allerdéngs géifen "d'Gespréicher an enger Rei Beräicher fortsetzt" ginn. Ongekläert wier deemno nach ëmmer, ob d'Studiefraisen fir Studenten a Studentinnen aus der EU u britteschen Universitéiten erofgesat ginn.
De brittesche Premier Andy Burnham war op Bréissel gereest, fir eng Rei vun Ofkommesse fir eng méi enk Zesummenaarbecht mat der EU ofzeschléissen. Beim Thema Handel ass et virun allem ëm Oplage fir de géigesäitegen Handel mat Liewensmëttel wéi Kéis a Fleeschproduite gaangen. Datt den Import aus der EU a Richtung Groussbritannien méi schwéier gouf, huet a groussen Deeler zu de méi héije Liewenskäschten a Groussbritannien bäigedroen.
Een Uleies, virun allem an der EU, ass op der anerer Säit, jonke Leit d'Reesen, Schaffen a Studéieren a Groussbritannien méi einfach ze maachen. D'Ofkommes gesäit vir, datt Leit ënner 30 Joer dräi Joer laang an dem jeeweils anere Land liewe kënnen. Ausserdeem wëll Bréissel erreechen, datt Studenten aus der EU u britteschen Unien déi nämmlecht reduzéiert Fraise bezuelen, wéi brittesch Studenten.
D'Regierung zu London steet ënner Drock, d'Migratioun niddreg ze halen, an huet sech dowéinst an enger Rei Punkte méi kompromësslos gewisen. Et sollten ursprénglech, wéi et vun der EU-heescht, de Jugendprogramm op 100.000 Leit pro Säit a pro Joer limitéiert ginn. Bei der gefuerderter Baisse vun de Studiefraisen hunn déi brittesch Ënnerhändler wéi et schéngt awer net noginn.
D'Britten haten 2016 an engem Referendum fir de Brexit gestëmmt. Formaliséiert gouf e viru 7 Joer.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗