Wärend Attack op d'Ukrain: Russesch Rakéit am Südoste vu Polen ageschloen - keng Blesséiert
Wéi et e Freideg aus Warschau heescht, ass an der Nuecht op e Freideg op d'mannst eng russesch Rakéit am Südoste vu Polen ageschloen. An der der Nuecht gouf et eng sëllege russesch Ugrëff op d'Ukrain.
Verëffentlecht: 20.11.26 11:48, Update: 20.11.26 11:53

D'Autoritéite géifen dräi Krateren ënnersichen. Méiglecherweis wieren nach eng zweet Rakéit an eng Dron involvéiert gewiescht.
"Et gëtt dräi Impakt-Plazen. Zu Nowy Lipowiec kënne mir scho konforméieren, datt et eng Kh-101-Rakéit war. Op der zweeter Plaz ass och rieds vun enger Missile, an op där drëtter Plaz war et warscheinlech eng Dron mat Jet-Undriff", gouf de polnesche Verdeedegungsminister Wladyslaw Kosiniak-Kamysz polnesche Medien no zitéiert. "Et gouf kee blesséiert, a mir hu eng Zerstéierung vun Infrastruktur festgestallt."
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗