Zesumme mat Beamte vun der ITM: Police kontrolléiert 86 Persounen, véier Protokoller wéinst Schwaarzaarbecht
RTL Lëtzebuerg
D'Police huet en Donneschdeg den Owend eng gréisser Kontroll a Bistroen an der Stad duerchgefouert.
Verëffentlecht: 20.11.26 11:34

AFP
An aacht Caféë goufe 86 Leit kontrolléiert. Véiermol gouf e Protokoll geschriwwe wéinst Schwaarzaarbecht. Dräimol gouf trotz Verbuet banne gefëmmt, och gouf eng administrativ Amende vun 10.000€ verhaangen.
Nieft 30 Poliziste waren och Beamte vun der ITM bei de Kontrollen derbäi.
Am meeschte gelies
Weider News
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗




