CGDIS: Zwee Blesséierter bei Brand a Betrib zu Wecker, E-Trottinett zu Esch ugestouss

D'Secouriste vun Hesper an zwee SAMUen aus der Stad ware géint 6:47 Auer bei en Accident um CR226 tëschent Conter an Izeg geruff ginn, well hei en Auto op der Kopp louch. Eng Persoun gouf hei verwonnt.

Géint 7:40 Auer gouf dann eng Persoun op enger E-Trottinett blesséiert, wéi se vun engem Auto an der Lëtzebuerger Strooss zu Esch ugestouss gouf. D'Escher Rettungsekippe waren am Asaz.

Bal zäitgläich dann e Brand um Site vun enger Entreprise vu Wecker an der Industriezon An de Längten. De CGDIS-Bulletin mellt hei zwou blesséiert Persounen. Op der Plaz waren d'Secouristen aus den Asazzentre Fluessweiler, Mäertert, Manternach an aus der Stad.

Kuerz virun 11 Auer dann nees en Auto op der Kopp an e Blesséierten, dës Kéier tëscht Schuller an Nidderkäerjeng. Ëm déi blesséiert Persoun hu sech d'Rettungsekippe vun Dippech a Péiteng gekëmmert.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab