Escher Autobunn Richtung Stad: Schantjen dëse Weekend tëscht der Jonctioun Esch an dem Echangeur Leideleng-Nord

Am Kader vun de weidere Ëmbauaarbechten um Echangeur Steebrécken gëtt d’A4 a Richtung Stad tëscht der Jonctioun Esch an dem Echangeur Leideleng-Nord vun Freideg, den 20. November géint 20 Auer bis Méindeg, den 23. November géint 4 Auer gespaart.

Fir de Chantier musse verschidden Zoufaarten zougemaach ginn:

  • d'Opfaart vun der A13 vu Beetebuerg op d’A4 a Richtung Stad,
  • d'Opfaart zu Féiz a Richtung Stad,
  • d'Opfaart zu Steebrécken a Richtung Stad.

Automobilisten, déi iwwer d'Jonctioun Esch oder Féiz op d'A4 wëllen, ginn iwwer d'A13, d'A3 an d'A6 ëmgeleet. Vun Steebrécken aus féiert d'Deviatioun iwwert de CR169, de CR163, d'N4 an den Echangeur Leideleng-Nord.

Well d'Preparatiounsaarbechte schonn e puer Stonne virum Ufank vum Chantier ufänken, muss ee scho vun e Freideg am Nomëtteg u mat Verkéiersbehënnerunge rechnen.

Weider Informatioune ginn et um Site vun der CITA.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab