No Schëss zu Déifferdeng Mëtt Oktober: Véier Verdächteger an Untersuchungshaft, zwou Schosswaffe saiséiert

Bei dëser Kräizung zu Déifferdeng sinn d'Schëss gefall.

Tëschent dem 27. Oktober an dem 19. November wiere véier Verdächteger interpelléiert an an Untersuchungshaft placéiert ginn, sou de Parquet an engem Schreiwes e Freideg de Moien. Éischten Erkenntnisser no sollen d'Schëss am Kontext vun engem Konflikt tëscht rivaliséierende Gruppe gefall sinn. Deemools war jo an der Nuecht matzen am Déifferdenger Zentrum op der Kräizung vun der Avenue de la Liberté mat der Grand-rue aus engem Auto raus op Foussgänger geschoss ginn. Blesséierter gouf et keng, d'Dot war och vun enger Visupol-Kamera gefilmt ginn.

Am Kader vun den Ermëttlungen deelt de Parquet weider mat, datt ënnert anerem e puer Gefierer, wéi och zwou Schosswaffe saiséiert goufen.

Ënnerstrach gëtt och déi besonnesch Gravitéit vun de Faiten, déi net nëmmen déi involvéiert Leit, mä och aner Persounen a Gefor bruecht hätten.

De Gebrauch vu Schosswaffen am Espace public bräicht eng streng a konsequent juristesch Äntwert. D'Enquête an dëser Affär leeft iwwerdeems weider. Notamment ginn nach technesch a ballistesch Expertisen duerchgefouert.

Liest dozou och hei:

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab