Beim Ettelbrécker Spidol: Mann war gewalttäteg géintiwwer Fra an huet géint Poliziste rebelléiert

En Donneschdeg géint 13:20 Auer krut d'Police gemellt, dass et virum Ettelbrécker Spidol zu enger "kierperlecher Ausernanersetzung" tëscht engem Mann an enger Fra komm ass. Dobäi soll de Mann op d'Fra ageschloen hunn.

De Mann huet sech dann och géint d'Policebeamte gewiert, wéi déi op der Plaz ukomm sinn, fir z'intervenéieren.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an en hat um Freideg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab