Erklärunge vum Finanzexpert Julien Kohn: Rekordwäerter fir Anthropic a SpaceX: Ass et wierklech ze deier?

Anthropic ass op der Bourse
D'Aktie gouf fir 83 Dollar ausginn. Ugekënnegt waren eigentlech 70 bis 78 Dollar. Beim eéischten Handel ass et direkt virugaangen, well et ass bei 111,50 Dollar lassgaangen, also e “klenge” plus vun 34 Prozent. Owes huet een du bei ronn 97 Dollar zougemaach. Dat sinn ëmmerhi 17 Prozent méi wéi den offizielle Präis. Egal wéi huet Anthropic domat ronn 81 Milliarden Dollar opgeholl, also déi gréissten IPO an der Geschicht, nach méi grouss wéi dee vu SpaceX am Juni.
Wie freet sech dann am meeschten?
Amazon a Google. Déi zwee hu ganz fréi investéiert. Amazon huet laut Reuters ronn 18 Milliarden Dollar dragestach. Beim Präis vun 83 Dollar war dee Pak iwwer 250 Milliarde wäert. Laut Forbes besëtzen Amazon a Google zesumme souguer méi Aktie wéi all d'Grënner.
All Mënsch schwätzt elo “IPO*. Wat heescht dat eigentlech?
Offiziell steet dat fir "Initial Public Offering", also déi éischte Kéier, dass Aktien dem Public offréiert ginn. Et gëtt awer och nach eng aner Versioun. Do seet een: IPO heescht "It's Probably Overpriced". Op Lëtzebuergesch: Et ass warscheinlech ze deier.
Ass do eppes drun?
Jo schonn. Den Jay Ritter, e Professer aus Florida, deen een op der Wall Street "Mister IPO" nennt, huet dat iwwer Joerzéngte gemooss. An enger bekannter Studie huet hie méi wéi 1.500 IPOen ugekuckt. Dräi Joer duerno hate se am Duerchschnëtt ronn 35 Prozent zougeluecht. Vergläichbar Firmen, déi scho laang op der Bourse waren, ronn 62 Prozent. Dat ass eng al Studie, mee och nei Zuele weisen an déi selwecht Richtung. Vu 14 grousse IPOen mat enger ganz héijer Bewäertung, hunn der 12 an den éischten dräi Joer manner gutt Performance gehat wéi de Marché.
Do gëtt et och e rezent Beispill
SpaceX, d'Firma vum Elon Musk. Am Juni koum d'Aktie fir 135 Dollar op de Marché. Den éischten Dag ass se ëm 19 Prozent geklommen, an e puer Deeg méi spéit stoung se bei iwwer 220 Dollar. D'Euphorie war enorm. Haut läit se erëm ongeféier do, wou se ugefaangen huet, bei ronn 137 Dollar.
Also léiwer d'Fanger dovun?
Net onbedéngt. Et gëtt och de Géigendeel. Facebook ass 2012 fir 38 Dollar op d'Bourse gaangen. E puer Méint méi spéit war d'Aktie nëmmen nach d'Hallschent wäert, an all Mënsch huet vun engem Flopp geschwat. Haut gehéiert d'Firma, déi elo Meta heescht, zu de wäertvollste vun der Welt. Wann s de mech frees: Den éischten Dag op der Bourse ass gedriwwe vun Euphorie, ass awer nach laang keng endgülteg Decisioun. Wie bei engem Boursersegang matmaache wëll, brauch vill Gedold an e gudde Mo. Déi richteg Rechnung gëtt eréischt no e puer Joer gemaach. Bei Anthropic ass dat net anescht.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗