Serge Wilmes vun der Weltklimakonferenz: "Verhandlunge sinn eréischt eriwwer, wa se eriwwer sinn"

No zwou Woche laange Verhandlungen ass um Freideg den offiziell leschten Dag vun der Weltklimakonferenz an der Tierkei. Um 16 Auer eiser Zäit soll Schluss sinn, mä et zeechent sech schonn of, dass et wäert an d'Verlängerung goen.

An de leschten Deeg war zu Antalya och de Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes bei den Diskussioune mat derbäi.

Lëtzebuerg an d'EU wäerte sech um leschten Dag nach derfir asetzen, dass d'fossil Energie-Reduktiounen an e ganzt Erausklammen an eng Ofschlosserklärung dra stoe kommen, sot hien eis e Freideg de Moien am RTL-Interview.

De Serge Wilmes am Live-Interview iwwert d'Weltklimakonferenz

Esou Verhandlungen wieren eréischt eriwwer, wa se eriwwer sinn, seet de Minister, dee sech awer op e ganz laangen Dag, an eng laang Nuecht astellt.
D'Länner déi Pëtrol produzéieren, wëllen natierlech nach net aus der fossiller Energie erausklammen. Dofir misst elo mat Geschéck virgaange ginn.
D'Wëssenschaft wier kloer: d'Welt-Temperature kéinte just stabiliséiert ginn, wa keng Kuel, kee Pëtrol a kee Gas méi verbrannt gëtt.

Lëtzebuerg hätt an deem Sënn scho vill Mesurë geholl, a géif dofir als eent vun de rare Länner déi Verspriechen och anhalen op der COP.

Fir dass d'USA nees zeréck an de Klima-Accord kommen, do bréicht et en anere President zu Washington, sou de Serge Wilmes am RTL-Interview.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab