Gëtt neie strategeschen Direkter vun der DP: Lex Folscheid verléisst den Educatiounsministère

Informatioune vun der Wochenzeitung "d'Land" no verléisst de Lex Folscheid den Educatiounsministère. Den héije Beamten, deen de Rang vum Premier Conseiller de gouvernement huet, iwwerhëlt vum 1. Februar un d'Funktioun vum strategesche Beroder bei der Direktioun vun der DP. Do wäert hien der Parteipresidentin Carole Hartmann an dem Generalsekretär Eric Thill zur Säit stoen.

De 50 Joer ale Lex Folscheid gëllt als enke Vertraute vum Educatiounsminister Claude Meisch, mat deem hien zanter ronn zwanzeg Joer zesummegeschafft huet, fir d'éischt an der DP-Fraktioun an duerno an der Regierung. Zanter 2013 huet hien eng zentral Roll am Educatiounsministère gespillt. Säin Afloss war besonnesch grouss, wéi de Claude Meisch 2023 zousätzlech de Logementsressort iwwerholl huet.

An engem interne Message un hir Mataarbechter, deen déi zwee e Mëttwoch zesummen ënnerschriwwen hunn, heescht et: "Déi lescht 13 Joer waren intensiv an erfëllend. Mir hu vill erreecht, net nëmmen als Cabinet ministériel, mee zesumme mat iech all, am Interessi vun de Kanner a Jugendlechen."

Fir de Lex Folscheid ass et e Retour bei d'DP. Scho virun 2013 war hie fir d'Partei aktiv an huet bei de Koalitiounsverhandlungen no de Chamberwalen 2013 matgewierkt. Deemools hat hie sech fréi fir eng Koalitioun tëscht DP, LSAP an déi Gréng ausgeschwat.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab