Brandschutz doheem: "Den Dampmelder ass ee klenge Liewensretter"
Brandschutz doheem: "Den Dampmelder ass ee klenge Liewensretter"
An der kaler Joreszäit ginn d’Pompjeeë méi wéi soss wéinst Wunnengsbränn geruff.
De Kichebrand géif d'Pompjeeë reegelméisseg beschäftegen. Leit, déi vergiessen d'Iesse vun der Kachplack ze huelen. Friteusen, déi a Brand geroden. "Do muss een oppassen, dass een déi op kee Fall mat Waasser läscht, well dat ganz geféierlech gëtt”, warnt de Capitaine Laurent Massard, zoustänneg fir de preventive Brandschutz beim CGDIS.
Iwwerlaaschte Multiprisen, defekt Elektro-Geräter a Chrëscht-Deko
Weider Ausléiser fir Bränn eeler elektresch Installatiounen, Elektro-Apparater – net seelen den Trockner - déi ufänke mat brennen. An och Multiprisë wieren ee Sujet, ënnersträicht de Laurent Massard. Entweder well se net konforme sinn oder well weider Multiprisen an deemno ze vill Geräter drun hänken.
“Dofir sinn déi net do. An insgesamt zu elektreschen Apparater ass ze soen, dass wann een iergendwou en Zweifel huet, dass se net méi richteg fonctionéieren, dass vläicht e Verbindungskabel sprock ass, dann däerf ee se net méi benotzen, well dat sinn effektiv Geforen.”
Weider Brandverursaacher an der kaler Joreszäit si Chrëschtdeko, dréche Beemercher oder Adventskränz a Käerzen déi ouni Opsiicht brenne gelooss ginn.
Den Damp ass déi haapt Gefor
Bei engem Brand geet déi Haaptgefor vum Damp a senge villen toxesche Bestanddeeler aus. E verbreet sech méi séier wéi d'Feier a verhënnert eng gutt Siicht, wat d'Evakuatioun vum Gebai erschwéiert. Grad do spillt den Dampmelder eng kruzial Roll, et sollt ee se gedingt doheem ophänken, insistéiert de Capitaine Massard.
“Also fir mech ass den Dampmelder ganz kloer e klenge Liewensretter. Et ass grad deen, deen d'Differenz ka maachen, haaptsächlech nuets, ob ee matkritt, ob et an enger Wunneng brennt oder net, well en einfach d'Leit doduerch alertéiert.”
Zanter 2023 ass den Dampmelder obligatoresch an all Schlofzëmmer an um Fluchtwee fir aus dem Gebai eraus. Wichteg ass opzepassen, datt se d'Konformitéitszeechen "CE" hunn a se reegelméisseg ze botzen an d'Batterien ze wiesselen. Op rauchmelder.lu kann een noliese wéi a wou een de Rauchmelder ophänke soll a wou net.
Séier a richteg handelen
Am Fall vun engem Brand, sollt een de Raum esou schnell wéi méiglech verloossen. Fënsteren an Dieren zouzéien, datt d'Feier sech net nach méi séier verbreet. D'Awunner an Noperen alertéieren. Falls et nach méiglech ass, sollt een éischt Brandmoossnamen ergräifen. Ouni sech awer selwer a Gefor ze bréngen, betount de Laurent Massard. Falls een e Feierläscher huet an d'Poubelle beispillsweis brennt, kéint ee versichen se nach ze läschen.
“Dat reduzéiert awer de Schued am Gebai op e Minimum.”
Evident, datt ee sou séier wéi méiglech den 112 ruffe soll. Duerno sollt ee sech disponibel hale fir de Pompjeeën op der Plaz nëtzlech Informatioune kënnen ze ginn. Ob nach Leit am Gebai sinn, wou et genee brennt a wéi een am beschten dohinner kënnt.
“Dat hëlleft eis extreem, fir dann eeben och den Asaz gutt ofzeschaffen.”
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗