Master Programm och a Siicht: Finanzministère an Imperial College London lancéieren nei Kollaboratioun

De Finanzminister huet zu London mat de Responsabele vum Imperial College eng Kollaboratioun ënnerschriwwen.

De Finanzminister huet zu London mat de Responsabele vum Imperial College eng Kollaboratioun ënnerschriwwen. Rodrigo Ribeiro

De Finanzminister huet zu London mat de Responsabele vum Imperial College eng Kollaboratioun ënnerschriwwen.

De Finanzminister huet zu London mat de Responsabele vum Imperial College eng Kollaboratioun ënnerschriwwen. Rodrigo Ribeiro

De Finanzminister huet zu London mat de Responsabele vum Imperial College eng Kollaboratioun ënnerschriwwen.

De Finanzminister huet zu London mat de Responsabele vum Imperial College eng Kollaboratioun ënnerschriwwen. Rodrigo Ribeiro

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

De Programm heescht LIGHT, kuerz fir „"Luxembourg Imperial Growth Horizons for Talent". De'Zil wier, fir méi Wëssen iwwer Kënschtlech Intelligenz an de Lëtzebuerger Finanzsecteur ze bréngen.

De Finanzminister Gilles Roth huet d'Formatioun op enger Pressekonferenz zu London virgestallt. Betount huet hien och, dat dës Formatioun näischt mat der Uni.lu ze dinn hätt. D'Formatioun soll deemno tëscht 25 a 40 Stonnen daueren an ass als Weiderbildung fir Leit geduecht, déi schonn an engem Finanzinstitut am Grand-Duché schaffen. Déi éischt Modulle si fir d'Fréijoer 2027 geplangt.

De Certificat riicht sech exklusiv u Professioneller. De Lëtzebuerger Staat finanzéiert de Programm mat an dem Gilles Roth no si ronn zwou Milliounen Euro iwwer dräi Joer virgesinn. Natierlech bezuelen och d'Finanzinstituter selwer mat fir hiert Personal, dat wieren zum Beispill Banken, déi hir Mataarbechter dohinner schécken.

"Déi Finanzinstituter komme guer net méi laanscht Kënschtlech Intelligenz. Dat ass am Beräich vun der Compliance, dat geet awer och op d'Strategie d'investissement aus", huet den Minister en Donneschden erkläert.

D'Formatioun gëtt vun der Imperial Business School an dem Imperial Lifelong Learning gefouert. Op senger Websäit schreift den Imperial College, dass d'Partnerschaft Zougang zu der weltwäit féierender Expertise vum Imperial College gëtt an d'Wësse vu Leader am Beräich KI a Fintech soll verbessert ginn.

E komplette Master an der Maach

2. Dag vun der Visite de courtoisie vum Grand-Duc zu London

Ënner anerem stoung eng Visitt vum Imperial College zu London um Programm, wou et ëm d'KI goung an eng Kollaboratioun mam Grand-Duché ënnerschriwwe gouf.

D'Ambitioune ginn awer iwwer déi éischt geziilt Coursen eraus. Bei der Visite vum Grand-Duc um Imperial College hunn de Gilles Roth an de Provost an Deputy President vum College Peter Haynes eng Absichtserklärung (Letter of Intent) ënnerschriwwen. Si wëllen an de kommende Joren e komplette Master mat Spezialisatioun a KI a Finanzen op d'Bee stellen. Dat ganzt soll 50.000 Euro d'Joer kaschten.

"Mir kéinten eigentlech kee bessere Partner fanne wéi den Imperial College", sot de Gilles Roth. Dat gëllt virun allem fir Coursen iwwer KI an digital Finanzen, déi op Lëtzebuerger Professioneller zougeschnidde sinn.

Den David Shrier ass Professer fir KI an Innovatioun an Direkter vum LIGHT-Programm. Hie sot, datt an de kommende Méint méi Detailer bekannt gemaach ginn, ier déi éischt Modullen am Fréijoer ufänken. Iwwer KI an digital Wäerter sot hien: "An deenen zwee Beräicher huet den Imperial Spëtzefuerschung, déi mir Iech an d'Hand ginn, fir se an der Praxis anzesetzen."

Déi meescht Modulle sinn zum Deel zu Lëtzebuerg, deels online, an deels zu London. "Mä dat Éischt, wat mir maachen, ass d'Proffe vum Imperial op Lëtzebuerg ze bréngen, fir am Fréijoer e Modul fir Verwaltungsréit a CEOen ze halen", sot den David Shrier.

Visite de courtoisie vum Grand-Duc zu London (18. an 19.11.26)

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab