Chrëschtlech Sozial Jugend: CSJ fuerdert Jugend-Dësch iwwer Logement

Nodeems déi Jonk Chrëschtdemokraten sech aus dem Kollektiv Logementskris zeréckgezunn hunn, huet d'CSJ sech en Donneschdeg an engem Communiqué zu Wuert gemellt.

Si begrënnt hir Decisioun ënner anerem domat, datt de Mouvement mëttlerweil vun Ex-Ministeren an Deputéierte vu Parteien genotzt géif, déi tëscht 2013 an 2023 an der Regierungsverantwortung stoungen. Dat wier ausgerechent déi Zäit gewiescht, an där sech d'Logementskris weider zougespëtzt hätt.

D'CSJ stellt an deem Kontext d'Fro, ob bei dëse Politiker tatsächlech d'Sich no konkrete Léisungen am Mëttelpunkt steet oder éischter de Wonsch, sech selwer ze profiléieren. Gläichzäiteg betounen déi Jonk Chrëschtdemokraten, datt si mat verschiddene Fuerderunge vum Kollektiv averstane sinn an d'Logementsproblematik parteiiwwergräifend geléist misst ginn.

D'CSJ setzt sech dofir an, datt e Jugenddësch, geleet vum Jugendrot, zum Theema Logement geschaaft gëtt, fir u gemeinsame Léisungen ze schaffen.

De Communiqué vun der CSJ

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab