Op der Pompel: Bensinn, Diesel a Masutt gi bis zu 5 Cent méi bëlleg
No Hallefnuecht falen d'Präisser vum 98er a vum 95er Bensinn, grad esou wéi fir den Diesel an de Masutt.
Verëffentlecht: 19.11.26 18:00

Beim 95er Bensinn ass et eng Baisse vun 3,6 Cent de Liter op 1,559 Euro.
Den 98er Bensinn gëtt och ëm 3,6 Cent de Liter méi bëlleg a kascht vun e Freideg un 1,692 Euro.
De Präis fir e Liter Diesel fält ëm 4,6 Cent op 1,904 Euro.
De Liter Heizungsmasutt gëtt ëm 5 Cent de Liter méi bëlleg a fält op 1,387 Euro.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗