En Donneschdeg am Nomëtteg: 3 Blesséierter bei 3 Autobunnsaccidenter

Kuerz virun 13 Auer hat en Auto, deen um Gaasperecher Kräiz vun der A1 op d'A3 wollt eriwwer fueren, en Objet ze pake kritt. Bei deem Tëschefall ass de Chauffer blesséiert ginn. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter aus der Stad.
Eng hallef Stonn méi spéit war et en Accident op der A1 a Richtung Tréier, wéi sech tëscht dem Sennengerbierg an dem Cargo Center méi Gefierer ze pake kritt haten. Eng Persoun gouf verwonnt, am Asaz waren d'Pompjeeë vu Nidderaanwen a Mensder, grad esou wéi eng Ambulanz aus der Stad.

Am Tunnel Grouft op der A7 krut e Chauffer géint 14:10 Auer och e Géigestand ze paken. Och hie koum blesséiert an d'Spidol. D'Pompjeeë vu Steesel a Lëntgen waren nieft der Ambulanz vu Miersch am Déngscht.
Tëscht Mamer a Capellen blouf et no 16:30 Auer beim Materialschued, wéi op der N6 en Auto an eng Camionnette net laanschtenee komm waren. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Stengefort a Mamer an eng Ambulanz vu Stengefort.
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗