No Neonazi-Treffe bei Wolz: Lëtzebuerger Guiden a Scoute soe sech entsat an hu Plainte gemaach
Investigativjournaliste vum belsche Sender VRT NWS Pano an dem hollänneschen Zembla hu gemeinsam Recherchen iwwert Neonazien an der Belsch an an Holland gemaach. D'Resultat vun deene Recherche gouf elo ënnert anerem an engem Documentaire mam Numm "De neonazi-files" verëffentlecht.
Den Documentaire fänkt u mat Biller, déi am Abrëll an engem Bësch entstane sinn, wéi et heescht zu Lëtzebuerg. D'Journalisten hunn hei mat verstoppter Kamera en Treffe gefilmt, bei deem "Sieg Heil" geruff gouf a Bicher vu jiddeschen Auteure verbrannt goufen.
D'Luxemburger Wort hat dës Story als éischt opgegraff a konnt de genaue Standuert identifizéieren.
Wéi et heescht, wieren et Membere vu Wolvenrad, enger hollännescher Neonazi-Grupp. Déi Grupp géing sech zanter Joren elo schonn all Joer fir dem Adolf Hitler säi Gebuertsdag zu Lëtzebuerg am Bësch treffen, soen d'belsch an hollännesch Journalisten. Ee vun de Membere rifft am Video zur Gewalt géint Politiker op. Wéi am Documentaire ze gesinn ass, war d'Treffen am Scoutschalet Jitz zu Wolz, deen ee loune kann.
Vum Lëtzebuerger Parquet heescht et op eis Nofro hin, dass ee keng Kenntnis vun deem Treffen hätt. D'Police sot L'Essentiel géigeniwwer, et wier een amgaangen, de Video z'analyséieren.
An enger parlamentarescher Fro wëllen déi Gréng vun der Justizministesch a vum Inneminister wëssen, wéi eng Informatioune si zu deenen Treffen hunn.
Bei de Recherche goung et virop ëm déi sougenannten "Active Clubs". Dës Gruppen aus der rietsextreemer Zeen kommen initial aus den USA an organiséieren illegal Kämpf an improviséierte Boxréng.
An Holland hunn d'Recherche scho Konsequenze kritt. Zwee jonk Politiker vun der ganz rietser Partei Forum voor Democratie, déi bei esou Kämpf matgemaach hunn, goufe vun der Partei ausgeschloss. E regionale Leader vun der Partei, dee bei sou engem Kampf am Public war, huet och missen zrécktrieden. Wéi et an der hollännescher Press heescht, gouf iwwerdeems e Mathésproff entlooss, bei deem esou e Kampf organiséiert gouf.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗