1. Fräien Training live dëse Freideg um 1:25 Auer op RTL ZWEE an um RTL Play: Formel 1: Grousse Präis vu Las Vegas

Déi hell beliichte Skyline mat hire legendären Hoteller, déi futuristesch Sphere, déi sëllege Staren a Stärercher: dat alles ass eng opreegend Kuliss fir déi drëttleschten F1-Course vun der Saison. D’Form vum Circuit gesäit net nëmmen aus wéi ee Schwéngchen, mee an der Wüstestad kann et nuets och schwäikal ginn. Bei zum Deel eestellege Celsius-Temperature gëtt d’Sich nom Grip eng grouss Erausfuerderung. Mat Antonelli a Mercedes stinn déi zwee Weltmeeschter 2026 scho fest. Mee bei de Pilote kämpfe Verstappen a véier wieder Piloten nach ëm de Vizetitel an och bei de Constructeure gëtt queescht duerch d’Tabell nach ëm al Plaz gekämpft.

Suivéiert de FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2026 live op RTL ZWEE an RTL PLAY. 

Commentaire: Tom Hoffmann

Är Froen an Äre Feedback un den Tom Hoffmann

Och dës Saison kënnt Dir wärend de Fräien Traininge mam RTL-Commentateur Tom Hoffmann kommunizéieren. Schéckt Är Froen an Äre Feedback einfach per WhatsApp op d'Nummer 621 777 888.

Login, fir d'Formel 1 am Stream op RTL PLAY ze kucken  

Wéinst de strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d’F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Et brauch een awer och weiderhin näischt fir d’Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.

Weider Informatiounen iwwer den RTL-Login, fir F1-Contenuen op RTL Play ze kucken...

Programm

Fräien Training, mir iwwerdroen de Programm um RTL Play

Freideg, 20. November 2026: 1h25 – 2h35
Commentaire: Tom Hoffmann

Freideg, 20. November 2026:  4h55 – 6h05
Commentaire: Tom Hoffmann

Samschdeg, 21. November 2026: 1h25 – 2h35
Commentaire: Tom Hoffmann

Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Samschdeg, 21. November 2026:
Ufank vun der Emissioun: 4h55
Start vun der Qualifikatioun: 5h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 6h10
Commentaire: Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl

Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Sonndeg, 22. November 2026:
Ufank vun der Emissioun: 4h30
Depart vun der Course: 5h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 7h15
Commentaire: Tom Hoffmann a Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl

Saison-Kalenner 2026

F1 2026 Kalenner

20. bis 22. November: FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2026
Las Vegas Strip Circuit - Las Vegas

27. bis 29. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2026
Lusail International Circuit - Qatar

4. bis 6. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2026
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab