"Koalitioun vun de Wëllegen": 26 Staats- a Regierungscheffe verhandelen zu Berlin iwwert den Ukrain-Krich

Nom historeschen Dräier-Sommet vu China, Russland an den USA sinn zu Berlin en Donneschdeg 26 Staats- a Regierungscheffe vun der sougenannter "Koalitioun vun de Wëllegen" zesummekomm, fir iwwer méiglech Weeër fir en Enn vum Ukrain-Krich ze schwätzen. Nieft den US-Emissären Jared Kushner a Steven Witkoff bedeelege sech un de Gespréicher am Bundeskanzleramt och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, de franséische President Emmanuel Macron, de brittesche Premier Andy Burnham an och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden. De russesche President Wladimir Putin huet wärenddeem seng Bereetschaft gewisen, Vertrieder vun europäesche Staaten zu Ukrain-Gespréicher ze invitéieren.

Um Berliner Treffe vun der "Koalitioun vun de Wëllegen" hunn no Donnéeë vun der däitscher Regierung am Ganze 45 Delegatiounen deelgeholl, dorënner och déi italieenesch Ministerpresidentin Giorgia Meloni, de polnesche Regierungschef Donald Tusk souwéi d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an den Nato-Generalsekretär Mark Rutte. Nom Enn vun de Gespréicher gouf fir 17:15 Auer en Donneschdegnomëtteg eng Pressekonferenz mam Kushner a Witkoff, Merz, Selenskyj, Macron a Burnham ugesat.

De Rendez-vous vun der Koalitioun soll bewosst zäitlech op den trilaterale Sommet am chineesesche Shenzhen geluecht gi sinn, heescht et aus Berliner Regierungskreesser. Zil wier et, "op méiglech Entwécklungen a Resultater vun de Gespréicher zu Shenzhen séier, zesummen a gutt preparéiert reagéieren ze kënnen", heescht et vu Berlin.

De Selenskyj huet no senger Arrivée zu Berlin gesot, seng Prioritéite beim Treffe wieren d'"Stäerkung vun eiser Loftdefense, vun der Energieversuergung an der finanzieller Ënnerstëtzung" fir säi Land souwéi diplomatesch Beméiunge fir en Enn vum Konflikt.

Putin invitéiert europäesch Vertrieder - an dreet mat Revanche

An der südchineesescher Metropol haten en Donneschdegmoien d'Staatscheffe vu China, Russland an den USA iwwer global Erausfuerderungen a Konflikter beroden. Et war déi éischte Kéier iwwerhaapt, datt sech d'Presidente vun deenen dräi Länner zu sou engem Sommet getraff hunn.

De Xi Jinping huet dobäi vun engem "weeweisenden" Treffe geschwat. China, d'USA a Russland sollen "zesummen de Weltfridde schützen". De Kreml-Chef Putin huet erkläert, Russland, China an d'USA hätten dat gemeinsaamt Interessi, den Ukrain-Krich op en Enn ze bréngen. Zäitgläich huet hien der Ukrain awer mat enger Revanche als Reaktioun op déi ukrainesch Attack op d'Krim-Bréck gedreet. D'"Äntwert" vu Russland géif "vill méi wéi doen", wéi d'Attacke vun der Ukrain, sot en.

Nom Sommet huet de Putin bekannt ginn, datt hie Vertrieder vun europäesche Staaten zu Gespréicher op Moskau invitéiert hätt. "Déi amerikanesch Säit drängt eis, der Abezéiung vun den Europäer zouzestëmmen (...). Iwwer diplomatesch Kanäl hu mir den Europäer proposéiert, op Moskau ze kommen", sot de Putin op enger Pressekonferenz.

Domadder ass de Putin e Stéck wäit op déi zentral Fuerderung vun den Europäer agaangen, un all méiglecher Léisung fir en Enn vum Ukrain-Krich bedeelegt ze ginn. Dës Positioun soll Regierungskreesser no och en zentrale Punkt vun de Gespréicher vun der Koalitioun zu Berlin sinn.

Liest dozou och

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab