Automag - E Klassiker: Mercedes-Benz C-Klass (Facelift)

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

Viru kuerzem gouf déi vollelektresch Versioun vun der Mercedes C-Klass presentéiert, do läit natierlech op der Hand dat och déi aktuell Verbrenner-Baurei W206 op den neiste Stand bruecht gëtt. De Paul Origer war fir eis op der Presentatioun an der Mercedes-Heemecht Stuttgart mat dobäi.

Dee klengste Modell an der “Core-Family” SEC vu Mercedes, dat heescht S-Klass, E-Klass an C-Klass, ass och gläichzäiteg de Bestseller. Iwwer 12 Milliounen Exemplaire goufe vum legendären 190er bis déi aktuell Baurei 206 verkaf. Nieft der neier reng elektrescher Versioun bleift d'Verbrenner-Plattform awer nach an der Gamme a gouf fit gemaach.

Den Design

Deen huet baussen am meeschte geännert. Virun allem vir fält d'Kalander am Stil vun S- an E-Klass op, déi sech och am C beliichte léisst. Net feelen dierfen natierlech d'Stären an de verbesserte Pharen a Réckluuchten. Allgemeng setzt de Facelift op méi Sportlechkeet, dofir och déi nei Equipementslinn AMG plus, ausserdeem gëtt et nieft neie Faarwen och nei Felgendesigns.

Den Interieur

D'Innovatioune bannendran hale sech zeréck, den Tableau ass quasi identesch mam Virgänger. Dat war och esou gewollt, schliisslech zielt bei Mercedes ëmmer nach de “Welcome home”-Effekt.

E puer Neiegkeete ginn et dann awer. Um neie Steierrad fënnt een nees haptesch Knäppercher, déi modifizéierte Sëtzer kommen och a méi helle Liedertéin mat esouguer Bitzereien am Mokassin-Stil an den Infotainment gëtt elo vum neien MB-OS mat virtuellem Assistent a Google Maps bedriwwen.

Den Undriff

De Facelift vum W206 bleift op Wonsch vun der Clientèle de Mild-Hybrid-Verbrenner trei. De bekannte Bensinner-Hybrid esou wéi déi reng Bensinner an Diesel goufe verbessert. Just den Diesel-Hybrid gouf wéinst ze wéineg Nofro gestrach. Keng grouss Verännerung gëtt et beim Plugin-Hybrid mat Bensinner. Et bleift bei 100 km elektrescher Autonomie a maximal 55 kW beim Lueden.

Op der Strooss

De W206 huet seng typesch Mercedes-Gene behalen. D'Fiederung ass duerchaus komfortabel, de Geräischniveau extrem niddereg. De Kaméidi bannenan gouf nach emol reduzéiert an d'Fuerwierk iwwerschafft. Frappant Ënnerscheeder sinn awer bei den Testfaarten net opgefall, och hei war de Virgänger schonn immens gutt.

Bei de Motore bleift et Affaire de Goût. Den Hybrid-Bensinner mécht säi Match gutt, fuerdert leider nees e Kompromëss bei der Mall. Laangstrecke Kinnek bleift den Diesel 250d, dee mat ënner 5 Liter Verbrauch emol labber 1200 km mat engem Tank packt. D'Bensinner-Versioune konnten awer och gefalen, sprëtzeg an awer lafroueg – och hei gouf et wéi beim Virgänger net vill auszesetzen.

Am Resumé

U sech de Géigepol zu der Elektroversioun. D’Mercedes-Fans wäerte sech iwwert de klasseschen Design an déi klassesch Dugende freeën.

De Präis an d'Optioune bleiwen der Traditioun natierlech och trei. Eppes iwwer 43.000 Euro geet et fir d’Limousine lass, de Kombi kascht knapp 1.400 Euro méi. Leider kënnt mam neie Betribssystem awer och d’Geschäftsmodell vun den digitalen Extras. Esou dierf een am neien C verschidden Optiounen wéi Smartphone-Integratioun oder 360-Grad-Kamera abonéieren a reegelméisseg bezuelen amplaz se fest am Auto ze hunn. Och esou loosse sech nohalteg Sue verdéngen.

  • klasseschen Design
  • komfortabel Fiederung
  • wéineg Fuergeräisch
  • nidderege Verbrauch beim Diesel

  • e bëssen enk um Récksëtz
  • kleng Mall beim Hybrid
  • Abo-System vun den Optiounen


Mercedes-Benz C-Klass um Internet

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab