Invité vun der Redaktioun - Spezial: Tom Wirion: Staatsbudget 2027: Steierreform a Personalkäschte vum Staat sinn ze deier
Invité vun der Redaktioun - Spezial: Tom Wirion
De Budgetsprojet 2027 war Thema en Donneschdeg an der Mëttesstonn.
Wann een d’Zuele kuckt, da gesäit een, dass de Wuesstem wäit hannert der historescher Entwécklung zeréck bleift. D'Trajectoire géif kloer net an déi richteg Richtung goen. Dat sot den Direkter vun der Handwierkerkummer Tom Wirion en Donneschdeg an der Mëttesstonn am RTL-Interview, iwwert de Bugdetsprojet fir d'nächst Joer.
Virun allem bei den Depensë géif ze vill drageschloe ginn. Ee vun de Problemer wier d'Steierreform. Eng cibléiert Sozialpolitik wier wichteg, mä et géif dacks mat der Géisskan gefuer.
D'Fro misst och erlaabt sinn, ob de Staat net bei sech selwer kéint spueren, an op et alleguer d'Fonctionnairë bräicht. D'Personalkäschte beim Staat wieren enorm a géife weider wuessen.
Recetten-technesch géif de Staat iergendwann u seng Limitte stoussen, mengt den Tom Wirion. Dofir misst deemno bei den Depensen eppes gemaach ginn.
Mam Tom Wirion hu mer eis um Donneschdeg iwwert den Avis vun der Chambre des métiers iwwert den nächste Staatsbudget ënnerhal.
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗