Commentaire vum François Aulner: Lamentabel groussregional Politik – Invest néideg, net Konfrontatioun

Virun allem kann een awer e Rapport vum Wirtschafts- a Sozialrot vun 2022 recommandéieren. D’Sozialpartner hunn deemools d’Groussregioun ënnert d’Lupp geholl, mee och de "Grand Genève", déi schwäizeresch-franséisch Groussregioun mat Genf als Metropol. Nach ass och do net alles am Botter, ma d'schwäizeresch-franséisch Regioun huet am Géigesaz zu eiser Groussregioun zum Beispill de Léman Express – en Zuchreseau mat antëscht siwe Strecken – deen eng binational Gouvernance huet.

Nom Albdram fir Frontalieren d’lescht Woch op eise Quaie kann een elo scho Conclusioun zéien, datt déi franséisch SNCF den Dag, wou se hiren Abo méi deier gemaach huet, incapabel war, Ersatzbusser anzesetzen an d’CFL incapabel war, d’Passagéier bis 22 Auer owes uerdentlech z’informéieren. D’Entschiedegung vu 50 Prozent vum Abo fir e Mount, déi d’Leit kënnen ufroen, ass e klengen Trouscht. Et ass besser ewéi näischt, mee verhënnert net, datt et ëmmer erëm zu Kniet am Zuchreseau kënnt.

Commentaire vum Fränz Aulner

Un d’Schwäiz erënnert dann och d’belsch Vignette. Kaméidi gëtt et an der Haute Savoie awer kaum. Warscheinlech, well d’Fransouse selwer deels Peagen hunn, mee och wëssen, datt se vun der Schwäiz Sue kréien – déi sougenannt retrocessions fiscales, Transferte vu Recette vu Steieren, déi Frontalieren an der Schwäiz bezuelen. Lëtzebuerg mécht dat just mat puer Gemengen an der Belsch an däitlech manner.

Méi Télétravail, Co-working Plazen op de Grenzen, oder Covoiturage si kleng Plooschteren. Gebraucht sinn uerdentlech Zuch-, Tram- a Stroossereseauen iwwert d’Grenzen eraus an dat kascht natierlech eppes. D’belsch Regiounen hätte vläicht besser gehat, mat Lëtzebuerg zesummen ze kucken, ewéi ee hir Stroosse soll finanzéieren.

Wat géingen de Schuman, den Adenauer oder de Werner maachen?

Et héiert ee muncher elo soen, et wier net u Lëtzebuerg, Infrastruktur am Ausland ze finanzéieren. Oder et soll ee souguer dat, wat ee schonn der Belsch gëtt, sträichen. De Rapport tëscht Käschten a Benefisser vun de Frontalieren ass schwéier ze moossen, sou de Wirtschafts- a Sozialrot, deen awer och geschriwwen huet, datt wann een d’Steieren a Cotisatiounen an d’Leeschtunge kuckt, et 2019 ënnert dem Stréch e klore Plus vun 1,3 Milliarden Euro fir Lëtzebuerg war - wat natierlech riskéiert, manner ze ginn, wa méi Frontalieren an d’Pensioun ginn.

Jo, d’Groussregioun ass selwer wuel vu Lëtzebuerg ofhängeg. Mee ëmgedréint ass dat och de Fall. D’Groussregioun liwwert engem groussen Deel vun der Aarbechtskraaft um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart Wunnraum, Transport an aner Zerwisser an dowéinst ass d’Demande, fir déi mat ze finanzéieren, legitim. Ech betoune "mat".

Bref: wann een d’Groussregioun ronderëm Lëtzebuerg erlieft, da kann ee sech just schummen oder revoltéieren. De Wirtschafts- a Sozialrot nennt och e verstäerkte "Ressentiment" tëscht de Leit e "Risiko". Wat géingen e Robert Schuman, e Konrad Adenauer oder e Pierre Werner eigentlech wuel soen a maachen? Vläicht géinge se eng Mobilitéitskommunautéit ewéi d’europäesch Kuel- a Stol Communautéit an d’Liewe ruffen ? Vläicht géinge se e Fonds transfrontalier schafen, deen Investitioune géing maachen, déi alle Säiten um Enn zegutt kommen ?

Puer Minutte ginn net duer, fir dës komplex Matière ganz z’erfaassen. De Grand public kann ee just alueden, de Rapport vum CES ze liesen an d’Politik endlech Initiativen ze ergräifen, iert et e grenziwwerschreidende Streik gëtt oder ganz einfach kee méi wëll hei schaffe kommen.

Konfrontatioun ass net d’Léisung, mee Zesummenaarbecht.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab