Am Oktober: EU-Kommissioun war Zil vu KI-baséierter Cyberattack

D'EU-Kommissioun war am Oktober Zil vun enger KI-baséierter Cyberattack. Dat huet e Spriecher en Donneschdeg bekannt ginn an direkt betount, datt dobäi awer keng perséinlech Donnéeë geklaut gi wieren.
"Ech ka confirméieren, datt d'Kommissioun kierzlech déi noutwenneg Moossnamen als Reaktioun op eng opgedeckte Cyberattack ergraff huet", sot den EU-Spriecher Thomas Regnier der Press zu Bréissel. Hien huet ergänzt, datt d'Attack duerch de "Mëssbrauch vun engem KI-Tool" den 22. Oktober entdeckt a bei enger éischter Analys de 26. Oktober confirméiert gi wier.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗