Urteel vum Internationale Geriichtshaff: Truppen am Myanmar hu ronn 10.000 Membere vun der Rohingya ëmbruecht

Truppen am Myanmar hu bei hirem brutale Virgoe géint d'Rohingya, enger sunnitesch-muslimescher Ethnie, Dausenden Zivilisten ëmbruecht an dobäi déi komplett Vernichtung vun der Minoritéit gewollt. Dat huet den Internationale Geriichtshaff (IGH) en Donneschdeg de Moien an engem Urteel gesot. D'Zaldoten hätten d'Rohingya ëmbruecht a vergewaltegt, Gewalt géint Kanner ausgeüübt an Dierfer a Siidlunge vun der Minoritéit zerstéiert, huet d'Geriicht weider erkläert. Donieft wieren d'Rohingya op der Flucht Richtung Bangladesch attackéiert ginn, huet den IGH-President Yuji Iwasawa erkläert.
D'Schätzung, no där am Joer 2017 ronn 10.000 Rohingya ëmbruecht goufen, konnt dem Iwasawa no bewise ginn. Iwwerdeems hätt d'Virgoe vum Militär géint d'Rohingya-Minoritéit eng "Ofsicht" fir d'Vernichtung vun dësem Grupp erkenne gelooss, wat en decisive Krittär fir den Noweis vun engem Vëlkermord wier, huet den IGH-President betount.
Myanmar misst "de Rohingya, déi wéinst de gesetzeswiddregen Handlunge verdriwwe goufen, onofhängeg dovun, ob se bannent Myanmar oder an d'Ausland verdriwwe goufen, de sécheren a fräiwëllege Retour an hir Heemecht souwéi d'Reunioun mat der Famill erméiglechen an erliichteren", heescht et weider vum President Iwasawa.
D'Geriicht beschäftegt sech zanter siwe Joer mat enger Klo vu Gambia, datt Myanmar géint d'UN-Vëlkermordkonventioun vun 1948 verstouss hätt. D'Rohingya ginn zanter Joerzéngten am Myanmar verfollegt, Honnertdausende waren dowéinst schonn an d'Nopeschland Bangladesch geflücht. Myanmar selwer huet dës Reprochen zréckgewisen.
Den IGH zu Den Haag huet keng Mëttel, fir hir Decisioun duerchzesetzen. En Urteel géif awer de politeschen Drock op de Myanmar erhéijen. D'Decisioun gëtt donieft opmierksam verfollegt, well se Hiweiser op déi rechtlech Definitioun vun der Vëlkermordkonventioun kéint ginn. Dës spillt nämlech och an der Prozedur vu Südafrika géint d'Virgoe vun Israel an der Gazasträif eng wichteg Roll.
A Bangladesch liewen aktuell méi wéi eng Millioun Rohingya am gréisste Flüchtlingscamp vun der Welt. "Ech wëll Gerechtegkeet", sot eng 23 Joer al Fra aus dem Camp, déi vergewaltegt gi war. "Et sollte streng Strofe fir déi Leit ginn, déi Frae vergewaltegt hunn. Den IGH sollt sech extra nach eemol dozou äusseren", sot d'Member vun der Rohingya, déi anonym bleiwe wollt, der AFP.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗