Zweeten Dag vu London-Visitt: Grand-Duc Guillaume krut Fuerschungsprojeten am Imperial College gewisen
Den zweeten Dag vum Grand-Duc Guillaume senger Visitt zu London ass um Albert Memorial ugaangen.
Verëffentlecht: 19.11.26 12:07
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
De Grand-Duc gouf do géint 10 Auer erwaart, a Begleedung vum Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel an dem Finanzminister Gilles Roth. Vun do aus goung et an den Imperial College.
Do krut de Grand-Duc Fuerschungs- an Innovatiounsprojete virgestallt, virun allem am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz.
Um Programm steet dann och eng Visitt beim Data Observatory, d'Ënnerschreiwe vun engem Accord an eng Renconter mat Lëtzebuerger Studenten a Mataarbechter.
D'Press konnt den Data Observatory schonn en Donneschdeg de Moien entdecken.

Rodrigo Costa Ribeiro

Rodrigo Costa Ribeiro

Rodrigo Costa Ribeiro

Rodrigo Costa Ribeiro

Rodrigo Costa Ribeiro

Rodrigo Costa Ribeiro

Rodrigo Costa Ribeiro
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Am Mëttelpunkt vum Besuch steet eng nei Partnerschaft tëscht dem Imperial College an dem Lëtzebuerger Finanzministère.
Mam Programm "LIGHT" (Luxembourg Imperial Growth Horizons for Talent) solle Leit, déi schonn am Finanzsecteur schaffen, sech an der kënschtlecher Intelligenz weiderbilden.
Liest dozou och hei:
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗