No Schëss op Fra vu 36 Joer: Parquet schwätzt vun engem "isoléierte Fall"
Déi nei Schéisserei zu Déifferdeng vun en Dënschdeg den Owend huet d’Leit beonrouegt. Eng Fra vu 36 Joer war do jo ugeschoss a schlëmm blesséiert ginn.
Verëffentlecht: 19.11.26 11:28

De Parquet huet en Donneschdeg de Moien op eis Nofro hi präziséiert, datt de Virfall dës Woch näischt mat fréiere Schéissereien zu Déifferdeng ze dinn hätt. Et misst ee vun engem isoléierte Fall schwätzen.
RTL-Informatiounen no stoungen Affer an Täter a Relatioun zu eneen. Virun engem décke Mount réischt gouf et zu Déifferdeng eng Schéisserei. Do war op der Kräizung vun der Avenue de la Liberté mat der Grand-rue aus engem Auto raus op Foussgänger geschoss ginn.
Liest dozou och hei:
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗