Stee zu London: Dem Batman säi Moto an dem Indiana Jones säin Hutt

Fans vun echten Artikelen aus bekannten Hollywoodfilmer kucken de Moment op London. Do ginn tëscht dem 4. an dem 6. Dezember ronn 1.400 verschidden Accessoiren a Souvenire versteet.
Dem Batman Christian Bale säi sougenannte Batpod aus "The Dark Knight" vun 2008 an "The Dark Knight Rises" vun 2012 ass net just a béide Filmer, mee och duerno an der Promotion benotzt ginn an ass als "echt" zertifiéiert gi vu Warner Bros. De Batpod ass d'Häerzstéck vun der Auktioun a soll tëscht 450.000 a 900.000 englesch Pond abréngen.
De komplette Superhelden-Kostüm vum Bale aus "Batman Begins" vun 2005 gëtt op eng Valeur tëscht 125.000 an 250.000 Pond geschat. Dem Val Kilmer säin Dress aus dem Film vun 1995 ass tëscht 30.000 a 60.000 Pond chiffréiert.
Donieft kënnt en apaarte Superman-Kostüm ënnert den Hummer. En ass vun 1983 a war vum Christopher Reeve am "Superman 3" gedroe ginn. En ass e bësse méi däischter wéi normal, well et de Kostüm vum "béise" Superman aus dem drëtte Film ass, deen dem Kryptonit ausgesat war. De Präis gëtt op e Wäert tëscht 130.000 an 260.000 Pond geschätzt.
Och versteet ginn en Hutt an en Hiem vum Indiana Jones. Allebéid an zwee Filmer gedroe vun engem vum Harrison Ford senge Stuntmänner. De bekannte Fedora-Hutt ass besonnesch seelen, well nëmmen eng Handvoll dovu gemaach gi si fir d'Filmrei. Béid Stécker sinn aus dem Stuntman senger perséinlecher Kollektioun a ginn op e Wäert tëscht 400.000 an 800.000 Pond geschat.
Bësse méi gënschteg ass eng Peitsch aus "Indiana Jones and the Temple of Doom". Si ass ronn 3 Meter laang an et gëtt geschat, dass den Hummer bei engem Wäert tëscht 200.000 a 400.000 Pond wäert falen.
Zwee bekannt Schwäerter wäerten och ënnert den Hummer kommen. Eemol d'Schwäert vum "Conan the Barbarian" vun 1982, vun deem et just puer Exemplairë gëtt, an dann och nach e Schwäert aus der "Game of Thrones"-Tëleesserie. Dat sougenannte "Bastard sword" vum Jon Show soll bis zu 100.000 Pond bréngen. Fir dem Arnold Schwarzenegger säint kéinte bis zu 50.000 Pond méi fälleg ginn.
Weider bekannt Film-Objeten, déi versteet ginn: eng Zeitung an en Hoverboard aus Back to the Future, Waffen aus Alien, eng R2D2-Replica aus Star Wars, eng liewensgrouss Popp vum Terminator 2, en Dréibuch vu Butch Cassidy and the Sundance Kid oder souguer dem Charlie Chaplin säi Bengel.
Wie sech also vum Kleeschen oder vum Chrëschtkëndchen ee méi besonnesche Kaddo erhofft, kann sech HEI weider iwwer d'Stee informéieren.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗