"Vun historescher Bedeitung": Atomwaffe reduzéieren, Fridden an der Ukrain a wirtschaftlech Bezéiunge ginn diskutéiert
Den US-President Donald Trump huet en Donneschdeg bei enger Reunioun mat sengem chineeseschen a russesche Pendant erkläert, datt déi dräi Staatscheffe "Geschicht schreiwen“.
"Ech freeë mech, datt dës Rees eis och d'Méiglechkeet ginn huet, dës éischt trilateral Reunioun tëscht de Leader vun den USA, Russland a China ofzehalen. An deem Sënn, a souguer nach op villen anere Pläng, schreiwe mir haut Geschicht“, sou den Trump. E wéilt ënner anerem iwwer de Krich an der Ukrain schwätzen. Den US-President huet erkläert, datt d'USA, China a Russland an enger eenzegaarteger Positioun sinn, fir d'Zuel vun den Atomwaffen op der Welt ze reduzéieren.
De chinesesche Staatschef Xi Jinping huet en Donneschdeg erkläert, datt seng trilateral Reunioun mam US-President Donald Trump an dem russesche President Wladimir Putin vun "historescher Bedeitung" wier.
"Déi éischte Kéier an der Geschicht, datt d'Leader vu China, Russland an den USA zesummekommen, ass e Schratt vu grondleeënder Bedeitung", sot de Xi beim Ufank vun de Gespréicher mam Trump a Putin.
De chineesesche President huet chineesesche Staatsmedien no erkläert, datt China, d'USA a Russland gemeinsam de Weltfridde musse sécheren. Bei der trilateraler Reunioun mat dem US-President Donald Trump an dem russesche President Wladimir Putin huet de Xi betount, datt déi dräi Groussmuechten zesummeschaffe sollten, fir d'Stabilitéit an d'Sécherheet op der Welt z'erhalen. Hien huet dozou opgeruff, gemeinsam Verantwortung fir de Fridden an eng stabil international Uerdnung ze iwwerhuelen.
De russesche President Wladimir Putin huet erkläert, datt Russland, d'USA a China e gemeinsaamt Interessi hunn, fir de Krich an der Ukrain op en Enn ze bréngen. Hie wéilt mam Donald Trump an Xi Jinping och iwwert Energie an d'wirtschaftlech Bezéiunge schwätzen.
Weider Sujeten
Nieft dem Ukrain-Krich kéinten och de Konflikt mam Iran an d'Auswierkungen op d'Weltwirtschaft op der Dagesuerdnung stoen. An der Ukrain, an Europa an och op Taiwan gëtt et Suergen, datt déi dräi Muechten Ofkommes kéinten treffen, déi op Käschte vun anere Länner ginn.
Virum Dräier-Treffen hat den Trump schonn eenzel Gespréicher mam Xi a mam Putin. De Xi huet dobäi vun enger Verbesserung vun de Relatioune tëscht China an den USA geschwat. Den Trump sot, datt béid Länner zu engem Enn vum Ukrain-Krich bäidroe wëllen. Bei sengem Treffen mam Putin huet hien de russesche President esouguer als "Frënd" bezeechent.
Fir de Putin ass de Sommet e wichtege diplomatesche Succès, well en domat de Virworf vun der internationaler Isolatioun wéinst dem Krich an der Ukrain ofschwäche kann.
Gläichzäiteg ass zu Berlin eng Reunioun vun der sougenannter „Koalitioun vun de Wëllegen“ iwwert d'Ënnerstëtzung vun der Ukrain ofgehale ginn, un där ronn 40 Delegatiounen deelhuelen.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗