Weltbevëlkerungsbericht: Grouss Onsécherheete fir jonk Leit trotz gudder Ausbildung

78 Prozent vun de Jugendlechen op der Welt erreechen haut e mëttlere Schoulofschloss, heescht et am Joresbericht vum Bevëlkerungsfong vun de Vereenten Natiounen (UNFPA), deem seng däitsch Versioun en Donneschdeg vun der "Deutsche Stiftung Weltbevölkerung (DWS) zu Bonn virgestallt gouf. Trotzdeem stinn déi Jonk viru massiven Erausfuerderungen: Wirtschaftlech Onsécherheet, Wunn- a Liewenskäschten, déi klammen, Klimawandel, Konflikter, technologesch Ëmbréch a sozial Ongläichheet maachen dem Rapport en Iwwergang an d'Erwuessesinn an an en autonoomt Liewe méi schwéier.

Bildung garantéiert dem Rapport no keng finanziell Sécherheet méi: Trotz engem historesch héije Bildungsniveau géinge weltwäit 20 Prozent vun de jonke Leit weder schaffen nach an enger schoulescher oder berufflecher Ausbildung sinn. A Länner mat niddregem Akommes hunn deemno véier vu fënnef jonken Erwuessene keng sécher, bezuelt Aarbecht. Informell a prekär Aarbechtsverhältnisser géinge weltwäit zouhuelen, en Ofschloss vun enger Héichschoul géing d'Jobsich deelweis souguer nach méi schwéier maachen.

Déi wirtschaftlech Onsécherheet suergt souguer dofir, datt Liewensziler wéi d'Grënnung vun enger Famill ëmmer méi spéit erreecht ginn: Finanziell Onofhängegkeet gëtt dem Bericht no dacks réischt mat Mëtt bis Enn 20, eng fest Partnerschaft mat Ufank bis Mëtt 30 an d'Elteresinn mat Mëtt bis Enn 30 erreecht. Entscheedend ass dobäi finanziell Stabilitéit: 81 Prozent halen dës fir wichteg, fir eng Partnerschaft anzegoen, iwwer 85 Prozent gesi finanziell Sécherheet an eng sécher Aarbechtsplaz als Viraussetzung, fir e Kand ze kréien.

De Wonsch no Partnerschaft a Famill ass dobäi weiderhin do: 70 Prozent vun de jonke Leit gesinn d'Bestietnis als ideal Bezéiungsform a méi wéi 90 Prozent wënsche sech op d'mannst ee Kand. An awer sinn iwwer 40 Prozent vun de 35 bis 39 Joer ale Leit, déi e Bestietnis als ideal bezeechnen, net bestuet. E Véierel vun de 35 bis 39 Joer ale Leit huet manner Kanner, wéi si sech an deem Alter gewënscht haten.

Dobäi kënnt, datt d'Chancen ëmmer nach ongläich verdeelt sinn: Jonk Fraen tëscht 15 a 24 Joer si méi wéi duebel sou dacks weeder an enger Aarbecht oder an enger Ausbildung wéi jonk Männer. D'selwecht bei 49 Prozent vu jonke Leit mat Behënnerung.

Och Konflikter an de Klimawandel menacéieren dem Bericht no d'Liewensperspektive vu jonke Mënschen: D'Zuel vun den 10 bis 24 Joer ale Leit, déi am Ëmkrees vu 50 Kilometer ronderëm en aktiivt Konfliktgebitt liewen, huet sech vun 164 Milliounen am Joer 1990 op 340 Milliounen am Joer 2022 méi wéi verduebelt. D'Onsécherheete gi vu Klimakrisen dann nach emol zousätzlech verschäerft.

Och gesondheetlech Fortschrëtter sinn ëmmer méi a Gefor: Psychesch Erkrankunge maachen antëscht 19 Prozent vu alle Krankheeten, déi Jugendlecher hunn, aus. Ausserdeem constatéiert de Rapport, datt 2025 schätzungsweis bal 12 Millioune Meedercher tëscht 10 an 19 Joer e Kand op d'Welt bruecht hunn.

Den UN-Bevëlkerungsfong warnt an deem Zesummenhang besonnesch viru weidere Kierzunge vu finanziellen Hëllefen. D'Moyene fir ëffentlech Entwécklungszesummenaarbecht sinn zejoert deemno ëm 23 Prozent zeréckgaangen, dee stäerkste Réckgang, dee jeemools verzeechent gouf.

内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab