Trump, Putin a Xi gesi sech a China: "Et geet virun allem ëm d’Foto"

Zu Shenzhen a China fänkt en Donneschdeg de grousse Sommet un tëscht Donald Trump, Wladimir Putin a Xi Jinping. Et ass an dësem Format déi éischt Renconter tëscht den dräi Staatscheffen. Et wäert eng éischter symbolesch Reunioun sinn, bei där et drëm geet, fir u Reputatioun ze wannen. Där Meenung ass de Robert Harmsen, Politolog op der Uni Lëtzebuerg.
Politolog Roert Harmsen iwwer Renconter vun Trump, Putin a Xi
Hien ass der Meenung, datt et virun allem ëm eng Foto geet, op där dräi Presidenten ze gesi sinn. Un der Bedeelegung bei der Spëtzereunioun hätte senger Meenung no awer virun allem zwee vun dräi Acteuren en Interessi.
"Ça permet à la Russie de projeter l'image d'un grand pays, d'occuper un rang que le pays n 'a plus réellement. Pour Xi, c'est un moyen de montrer que la Chine est vraiment au centre de l'ordre mondial."
Wat aus der Perspektiv vu Washington bei der Reunioun ze wanne wier, wier manner evident. China dierft op alle Fall guer keen Interessi drun hunn, fir iwwer eng atomar Ofrëschtung oder iwwer soss en Ofbau vum Waffebestand ze schwätzen, mengt den Unis-Professer.
Theoreetesch léichen awer och soss grouss Sujeten um Dësch. Den Ukrain-Krich, de Konflikt am Mëttleren Osten oder nach d'Fro vun Taiwan. De Robert Harmsen bezweifelt och do, datt et konkret Resultater wäert ginn.
"Au cours du sommet même, je le doute. Il y a peut -être certaines discussions à la fois autour de la guerre en Ukraine et la guerre en Iran. Ce n 'est pas vraiment le moment de trouver une solution ou de commencer ou de recommencer une négociation. Là, je crois qu'on est beaucoup plus dans la symbolique et dans le visuel pour le sommet même. Reste à voir si il y a des développements par la suit."
Et ass natierlech opfälleg, datt Europa a kenger Form mat um Dësch sëtzt. Hei geséich een eng Weltuerdnung, bei där Europa just en Acteur aus der zweeter Rei ass.
"L'absence de l 'Europe est certainement à noter. Dans ce contexte, ça marque réellement une perte d' influence relative du continent."
Parallellen zu der Yalta-Konferenz vun 1945 gesäit de Robert Harmsen iwwregens net. Deemools wier d'Architektur vun der Nokrichszäit gezeechent ginn. Et wier een elo haut zu Shenzhen absolut net am selwechte Kontext.
内容来自 RTL - International,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗