De Grand-Duc Guillaume beim Kinnek Charles III.: Al Frëndschaften an nei Perspektiven nom Brexit

Et ass déi éischt Visitt vum Grand-Duc Guillaume a Groussbritannien, zanter hien den Troun 2025 iwwerholl huet. En éischten Héichpunkt vun der Visitt war e Mëttwoch d'Audienz beim Kinnek Charles III. am Buckingham Palace. Eng Renconter mat grousser symbolescher Bedeitung, zimmlech genee 50 Joer nodeems d'Kinnigin Elizabeth II. op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg war.
Bei enger Receptioun um Owend huet de Grand-Duc och seng perséinlech Verbindung mat Groussbritannien ervirgehuewen.

Rodrigo Ribeiro

Rodrigo Ribeiro

Rodrigo Ribeiro

Rodrigo Ribeiro

Rodrigo Ribeiro

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

"Fir mech ass dës Visitt och eng Zort Heemkommen", esou de Grand-Duc, dee wéi säi Papp a säi Grousspapp eng militäresch Ausbildung zu Sandhurst gemaach huet a spéider mat der Grande-Duchesse zu London gelieft huet.

Zéng Joer nom Brexit: Eng nei Approche?

Manner harmonesch war déi méi rezent Geschicht. D'Decisioun vun de Britten, 2016 fir den Austrëtt aus der Europäescher Unioun ze stëmmen, hätt och an de bilaterale Bezéiunge Spueren hannerlooss. "D'Relatiounen hunn e klenge Knacks kritt. Mä dat war éischter mat Europa wéi mat Lëtzebuerg eleng", esou de Xavier Bettel. Lëtzebuerg hätt sech ëmmer als Bréck tëscht der EU a Groussbritannien verstanen.

Bei der Receptioun e Mëttwoch den Owend war och déi fréier brittesch Premierministesch Theresa May kuerz dobäi. Si huet tëscht 2016 an 2019 d'Regierung geleet an d'Brexit-Negociatiounen mat der EU gefouert. "A gleeft mer, et war keng einfach Tâche, déi si deemools hat“, erënnert sech de Lëtzebuerger Ausseminister.

D'Visitt kënnt zu engem politesch interessanten Zäitpunkt. E Freideg sollen zu Bréissel Gespréicher iwwer eng weider Approche tëscht der EU a Groussbritannien ofgehale ginn.

De Xavier Bettel beim Pressebriefing am Institute of Directors.

De Xavier Bettel beim Pressebriefing am Institute of Directors. Rodrigo Ribeiro

De Xavier Bettel beim Pressebriefing am Institute of Directors.

De Xavier Bettel beim Pressebriefing am Institute of Directors. Rodrigo Ribeiro

De Xavier Bettel beim Pressebriefing am Institute of Directors.

De Xavier Bettel beim Pressebriefing am Institute of Directors.

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

Wirtschaftlech méi no, akademesch méi wäit auserneen

Wärend déi ekonomesch Relatiounen an de leschte Jore gewuess sinn, ass bei de Lëtzebuerger Studenten an der UK eng negativ Tendenz ze konstatéieren. Waren 2019 nach ronn 1.300 Lëtzebuerger Studenten a Groussbritannien ageschriwwen, waren et am akademesche Joer 2024/2025 just nach 886. Haaptursaach wieren déi méi héich Käschte fir ze Studéieren nom Brexit.

Bei Gespréicher am House of Lords huet de Bettel sech fir méi géigesäiteg Gläichbehandlung ausgeschwat. Groussbritannien kéint sech net just déi avantagéis Accorde mat der EU erauspicken.

"Si waren ëmmer dobannen a wollten Ausnamen. An elo wëlle se dobausse sinn, mat Virdeeler“, esou de Minister. Um ekonomesche Plang dogéint géif et eng positiv Dynamik ginn. De "Luxembourg-UK Business Club" ass bannent engem Joer vu 50 op 75 Memberen ugewuess. Nieft de Finanze géifen och d'Verdeedegung, d'Energie an de Weltraumsecteur Potential fir eng méi enk Zesummenaarbecht bidden.

"Europa brauch Iech"

En Donneschdeg stinn ënner anerem eng Visitt um renomméierten Imperial College an eng Entrevue mam Lord Mayor op der City of London um Programm. Um Imperial College soll eng nei Initiativ lancéiert ginn, déi Professionellen aus der Lëtzebuerger Finanzplaz Weiderbildungsméiglechkeete punkto kënschtlech Intelligenz bitt.

Seng Ried huet de Grand-Duc e Mëttwoch den Owend mat engem däitlechen Appell un d'Britte ofgeschloss:
"Groussbritannien ass zwar eng Insel, mee war ni vun der Geschicht vum Kontinent getrennt. An d'Geschicht vum Kontinent war ni ouni Groussbritannien komplett."
Ob Sécherheet, Kompetitivitéit, Energie oder Klimawandel: Déi gemeinsam Erausfuerderunge géifen net un de Grenzen ophalen. Dem Grand-Duc säi Message un d'Britte war dann och kuerz an däitlech: "Europa brauch Iech."

De Grand-Duc Guillaume beim Kinnek Charles III. (18.11.26)

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.


Weider Sujeten zum Thema

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab